BGL LigueFC Wooltz mat knapper Victoire géint d'Jeunesse

RTL Lëtzebuerg
Zum Optakt vum 23. Spilldag ass et fir Wolz duerch en Eelefmeter eng 1:0-Victoire géint d'Escher Jeunesse ginn.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

FC Wooltz - Jeunesse Esch 1:0
1:0 Osmanovic (49')

No rouegen éischte Minutten huet d’Jeunesse ëmmer méi probéiert de Match an d’Hand ze huelen, ma d’Wëlzer Ekipp stoung disziplinéiert a konnt sech an den Zweekämpf gutt uleeën. No ronn 20 Minutte sinn dann déi éischt puer Chancë fir d’Lokalekipp entstanen, mat deenen d’Féierung net onverdéngt gewiescht wier. Sou hat an der 26. Minutt den Osmanovic den 1:0 um Fouss leien, ma säi Schoss op den eidele Gol gouf nach am leschte Moment verhënnert. Am weidere Spillverlaf hat d’Jeunesse dann nees méi de Ball, bei den zwou Ekippen huet et am leschten Drëttel awer un der néideger Prezisioun gefeelt. Ouni Goler ass et sou no 45 Minutten an d’Paus gaangen.

No e puer Minutten am zweeten Duerchgang huet den Arbitter dann op de Punkt gewisen, wéi den Giargiana am Strofraum zum Fale komm ass. Den Osmanovic ass äiskal bliwwen a konnt sou per Eelefmeter d’Féierung fir Wolz hierstellen. Mol net 10 Minutten drop ass et dann op der anerer Säit en Eelefmeter ginn, deen de Schon awer paréiere konnt an domat den Ausgläich verhënnert huet. D’Jeunesse huet zwar probéiert, ma de Gol zum 1:1 sollt der Ekipp vun der Grenz net méi geléngen. Um Enn séchert sech also Wolz déi dräi Punkten.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO