Wéinst Corona-KrisFifa decidéiert Reegelännerung

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet déi international Futtball-Federatioun matgedeelt, datt vun elo u 5 Auswiesslungen an engem Match erlaabt sinn.
© AFP (Archiv)

Dës Ännerung gëllt fir alleguer d’Kompetitiounen, déi bis den 31. Dezember 2020 op en Enn ginn. D’Erhéijung vun den Auswiesslunge vun 3 op 5 gouf vun der Fifa decidéiert, well opgrond vun der Paus wéinst dem Coronavirus de Programm bis zum Schluss vun der Saison méi intensiv wäert sinn, wéi an “normalen” Zäiten, an och Matcher bei grousser Hëtzt däerfe gespillt ginn.

Wärend der regulärer Spillzäit solle weiderhin nëmmen 3 Auswiesslungen erlaabt sinn, déi zwou zousätzlech Méiglechkeete sollen nëmmen an der Paus kënne genotzt ginn.

Am Schreiwes vun der Fifa huet et weider geheescht, datt d’Organisateure vun de Kompetitioune selwer däerfen decidéieren, op si déi nei Reegel wëllen ëmsetzen oder net.

Back to Top
CIM LOGO