
De Futtball-Weltverband FIFA huet d’Decisioun iwwert de Modus vun der Gruppephas bei der Weltmeeschterschaft 2026 verréckelt. Detailer kéimen zu engem méi spéiden Zäitpunkt no. D’FIFA huet just confirméiert, datt déi dräi Organisateure Kanada, USA a Mexiko eng Startplaz sécher hunn.
An dräi Joer gëtt fir d’éischte Kéier eng Weltmeeschterschaft mat 48 Ekippen organiséiert. Bis elo gouf den Tournoi héchstens mat 32 Participanten ausgeriicht. Am Ufank wollt d’FIFA 2026 d’Virronn mat 16 Gruppen à 3 Ekippe spillen, ma an der Lescht war d’Iddi vun 12 Véierergruppen opkomm. D’Zuel vun de Matcher klëmmt sou oder sou. Bei Dräiergruppe wären et 80 a bei Véierergruppen esouguer 104. Bis elo waren et 64 Matcher.