
Bei schwierege Wiederkonditioune konnt de Fransous Fillon Maillet iwwer 12,5 km no enger feelerfräier Leeschtung um Schéissstand säin zweet Edelmetall zu Peking feieren. Sëlwer goung un den Tarjei Bö aus Norwegen (+ 28,6 Sekonnen) a Bronze war fir de Russ Eduard Latypov (+ 35,3 Sekonnen).
Bei den Dammen huet d’Norweegerin Marte Olsbu Röiseland der Konkurrenz nees keng Chance gelooss an huet sech bannent enger Woch hir drëtt Goldmedail bei den Olympesche Spiller geséchert. D’Röiseland war déi ganz Course iwwer eleng un der Spëtzt a konnt duerch just ee Schéissfeeler eng Start-Zil-Victoire feieren. Mat engem Retard vun 1 Minutt a 36 Sekonne koum d’Schweedin Elvira Öberg als Zweet op d’Arrivée, virun der Tiril Eckhoff aus Norwegen, déi domat d’Bronzemedail gewënnt.