Olympesch WanterspillerGold fir de Quentin Fillon Maillet am Biathlon Eenzel bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
Am Biathlon Eenzel iwwer 20 Km gouf et eng Victoire an domat Gold fir de Fransous Quentin Fillon Maillet.
© Jewel SAMAD / AFP

De Fransous Quentin Fillon Maillet huet den Duell vun den Toppstare gewonnen an no Sëlwer an der Mixed-Staffel sech en Dënschdeg Gold am Eenzel geséchert. Op d’Plazen 2 an 3 koumen den Anton Smolski aus Belarus an de Johannes Thingnes Bö aus Norwegen.

De Fillon Maillet huet zwee Feeler geschoss an hat um Enn eng Avance vu knapp 15 Sekonnen op de Smolski, deen ouni Feeler bliwwen ass. Den Thingnes Bö huet zweemol dolaanscht geschoss an hat e Retard vun 31 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO