
Den 52 Joer ale Lëtzebuerger war awer am Summer och bei Schwäizer Spëtzeclibb am Gespréich. Am RTL-Interview wollt de Franky Hippert awer och vum Saibene wëssen, ob een an nächster Zukunft e Lëtzebuerger Futtballspiller an der drëtter Liga beim däitschen Traditiounsveräin géif gesinn.
Et brauch een nach Spiller beim 1.FCK, déi dierften awer wuel kaum aus dem Grand-Duché kommen, esou den neien Trainer zu Lautern, de Jeff Saibene.
“Mir sichen am Moment offensiv Leit, e richtege Stiermer a schnell Spiller op de Säiten, jo bon do ass am Moment um Lëtzebuerger Marché kee do.”
De fréieren Trainer vu Bielefeld an Ingolstadt war elo an der Summerpaus awer ënnert anerem och beim FC Basel am Gespréich. Et ass jo och kee Secret, datt de Jeff Saibene eng Kéier beim Schwäizer Spëtzeclub op der Bänk wéilt setzen.
“Dat war schonn am Kapp, op där anerer Manéier gëtt een och nei jonk a Kaiserslautern ass egal wéi, och wann et just 3. Liga ass, e mega Club, de Betze ass Kult.”
De Saibene krut um Betzenberg e Kontrakt vun enger Saison, mat enger Optioun op e weidert Joer.
“Fir mech ass dat kee Problem. Mir ass et drëms gaangen, déi Chance ze kréien, an esou engem Club ze schaffen.”