Partenariat verlängertFLF an RTL schaffen och an Zukunft zesummen

Tom Flammang
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun an RTL hunn e Méindeg hiert Partenariat fir déi nächst dräi Joer verlängert.
© Tom Flammang

RTL ass zanter laange Jore Partner vun der Federatioun a weist ënner anerem all wichteg Matcher vun der Nationalekipp Live. Am Juni spillen d’Rout Léiwen zwee Mol en Testmatch am Stade de Luxembourg. D’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2026 fänkt am September un, éischte Géigner ass Nordirland de 4. September, dräi Deeg drop ass d’Slowakei de Géigner. D’Matcher géint Däitschland ginn den 10. Oktober zu Sinsheim an de 14. November heiheem gespillt.

Back to Top
CIM LOGO