
Een Dag nom Resultat vum Referendum huet d’FLF e Mëttwoch schonn de Kalenner fir déi nächst Saison matgedeelt. Et soll den 23. August lassgoen. Do sinn da schonn e puer richteg flott Dueller dobäi. De Favorit op d’Meeschterkroun Swift Hesper kritt et mam FC Déifferdeng 03 ze dinn. Dann ass et och schonn direkt den Escher Derby tëscht der Fola an der Jeunesse. De Progrès kritt et mam Racing ze dinn an am Nordderby triede Wolz an Ettelbréck géinteneen un.
De Programm besteet aus dem generelle Kalenner a vun dem detailléierte Programm vun der BGL Ligue a vun der Éierepromotioun fir d’Saison 2020/2021.