
En Donneschdeg den Owend um 20.45 Auer spillen d’Rout Léiwen am Windsor Park Stadium e Preparatiounsmatch géint Nordirland, en vue vun der Partie an der Europameeschterschaftsqualifikatioun den nächsten Dënschdeg am Stade Josy Barthel géint Serbien.
Mat och u Bord war och de Franky Hippert, dee sech mat den zwee Profie Laurent Jans a Chris Philipps iwwert hir lescht Wochen ënnerhalen huet.
De Laurent Jans ass jo am Summer vum FC Metz op Paderborn an déi éischt däitsch Bundesliga ausgeléint ginn. No sengem Optakt an der éischter Ronn am DFB-Pokal huet de Kapitän vun de Roude Léiwen awer déi 3 éischt Partien am Championnat vun der Bänk aus missen nokucken.
Den Trainer vum SC Paderborn ass bekannt fir seng direkt Aart a Weis a seet engem Spiller och d’Saache riicht an d’Gesiicht. De Steffen Baumgart hat e Gespréich mam Laurent Jans ugekënnegt an dat gouf et och.
De Rietsverdeedeger vun der FLF-Selektioun wäert des Saison awer och nach sécherlech seng Spillminutten an der éischter däitscher Bundesliga kréien.
Ob de Chris Philipps nach eng Kéier an der ieweschter Divisioun a Polen wäert um Terrain stoen, ass éischter ongewëss. No senge Blessure waren déi lescht Wochen a Méint net einfach fir de 25 Joer ale Profi vu Warschau, deen am Moment bei Legia 2 spillt.
Zwee Spiller waren de Mëttwoch de Moien awer net am Fliger. De Christopher Martins vun de Young Boys Bern ass jo blesséiert an de Maxime Chanot huet an 3 Deeg nach e Match mat sengem Veräin New York City FC.
De Frëndschaftslännermatch Nordirland géint Lëtzebuerg gëtt en Donneschdeg den Owend och live um 2. RTL an am Stream op RTL.lu an op der App gewisen.