BGL LigueFLF wäert Dossier bei Uefa eraginn, fir Saison ze stoppen

Franky Hippert
Déi Responsabel vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun schénge sech elo domat offonnt ze hunn, datt een d'Saison net wäert op en Enn kënne spillen.

Am RTL-Interview sot den FLF-President Paul Philipp eis e Freideg nämlech, datt ee vun der nächster Woch un en Dossier mat de Motiver bei der UEFA wäert eraginn, fir de Championnat ze stoppen.

Wéi geet et am Futtball weider? / Reportage Franky Hippert

En Donneschdeg war ee Moment d’Hoffnung opkomm, datt d’Saison an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball awer nach kéint fäerdeg gespillt ginn. Am RTL-Interview hat de Sportminister Dan Kersch gesot, datt wann d’FLF dat wéilt, datt ee sech dann un en Dësch kéint setzen, fir eng Léisung ze fannen. En Donneschdeg am spéiden Nomëtteg krut d’FLF awer dunn aus dem Sportsministère d’Informatioun widderholl, datt bis den 31. Juli keng Sportsevenementer däerfen a kënne sinn.

D’Motiv wär am Fall vu Lëtzebuerg jo kloer, wa keng Sportsevenementer bis den 31. Juli däerfe sinn an d’Sportinfrastrukture och bis dohi missten zoubleiwen, esou de Paul Philipp. Den Exekutivcomité vun der europäescher Futtballunioun ënnersicht dann den Dossier an deelt seng Decisioun bis de 27. Mee mat. D’FLF hofft natierlech, datt éischter Bescheed gesot gëtt. Eréischt no der Decisioun vun der UEFA wäert d’FLF de Championnat 2019-2020 dann och formell fir fäerdeg erklären.

FLF-President iwwert Saison / Rep. Franky Hippert

An deem Fall géif déi aktuell Tabell vun der héchster Divisioun geholl ginn, dat heescht no 17 Spilldeeg. Stand elo, wär den Éischten, dat heescht d’Fola, fir d’Champions-League-Qualifikatioun virgesinn, an den Tabellenzweete bis de 4., Nidderkuer, Déifferdeng an Titus Péiteng géifen Europa-League-Qualifikatioun spillen. Et géif och keen erausfalen, esou datt et d’nächst Saison eng iewescht Divisioun mat 16 Ekippe géif ginn.

Dat wat ee mat der Regierung lo misst kucken, esou den FLF-President Paul Philipp, ass, fir vun Enn Juni u kënne virzegesinn, datt een a klenge Gruppen an ënner strenge Reegelen nees kann trainéieren, esou wéi et an Däitschland jo schonn zënter Ufank Abrëll nees erlaabt ass. Esou kéint een dann Ufank August déi nei Saison wéi virgesinn ufänken. Do schléisst de Paul Philipp dann och net méi aus, datt déi Championnatsmatcher an enger éischter Phas ouni Spectateure kéinte gespillt ginn, wann et da misst sinn.

Back to Top
CIM LOGO