
E Mëttwoch den Owend stoung an der BGL Ligue de 24. Spilldag um Programm. Nieft Victoirë fir d’Fola an de Racing konnt sech iwwerdeems Diddeleng zu Rodange behaapten a fir Hesper gouf et eng Victoire géint den FC Wooltz.
De Liveticker an de Replay vun de Matcher fir nozeliesen respektiv nozekucken.
Jeunesse - Racing 0:1
0:1 Bouché (88')
De Racing huet gutt an de Match fonnt a konnt sech scho fréi déi eng oder aner Chance erausspillen. Dogéint hat d’Jeunesse seng Problemer am Spillopbau an och an der Defense huet een heiansdo gewackelt, dat well d’Gäscht fréi gestéiert an héich gepresst hunn. De Racing war däitlech méi no un der Féierung, ma déi feelend Prezisioun am leschten Drëttel huet de Gol an der éischter Hallschent verhënnert. Mat engem glécklechen 0:0 aus der Siicht vun der Jeunesse ass et dann no 45 Minutten an d’Paus gaangen.
Am zweeten Duerchgang war de Gaascht weider déi besser Ekipp, vun der Lokalekipp ass zemools am Spill no vir vill ze wéineg komm. De Racing sollt kuerz viru Schluss awer nach fir den Effort belount ginn a sou war et de Bouché, deem an der 88. Minutt nach den 1:0 fir den RFCUL gelongen ass. Zum Schluss wënnt de Racing also verdéngt géint eng schwaach Escher Ekipp, och wann den entscheedende Gol schonn éischter hätt fale kënnen.
Rouspert - Fola 1:5
0:1 Bensi (10'), 0:2 Diallo (16'), 1:2 Spruds (36'), 1:3 Hadji (68'), 1:4 Hadji (80'), 1:5 Hadji (86')
Direkt nom Ustouss huet d’Escher Fola et sech an der géignerescher Hallschent bequem gemaach. De Gol zur Féierung huet dowéinst och net all ze laang op sech waarde gelooss. An der 10. Minutt huet sech de Bensi un engem Fräistouss aus ronn 25 Meter probéiert a mat engem stramme Schoss op 1:0 fir d’Fola gestallt. Trotz dem fréie Réckstand huet een awer och gemierkt dass d’Rousperter Ekipp am Match dra war a séier eng Äntwert weise wollt. Den zweete Gol vun der Partie ass dann awer fir de Gaascht vun Esch gefall. No enger Flank vum Sacras stoung den Diallo um zweete Potto eleng an hat sou keng grouss Problemer de Ball hannert d’Linn ze drécken. Ronn 15 Minutte virun der Paus huet d’Lokalekipp dann ëmmer méi den Tempo erhéicht a konnt sou an der 36. Minutt op 1:2 verkierzen. Mat deem Spillstand ass et dann och an d’Vestiairë gaangen.
No der Paus waren d’Rousperter da besser am Match, krute vun der Drockphas awer kee Profit gezunn. An der 68. Minutt huet den Hadji da fir eng kleng Virentscheedung gesuergt, wéi hien aus 7 Meter mam Kapp op 3:1 stelle konnt. Fir d’Lokalekipp war et elo natierlech schwéier, géint den aktuellen Tabelleleader nach de Réckstand vun zwee Goler opzehuelen. Ronn 10 Minutte viru Schluss huet den Hadji dann nach eng kéier richteg opgedréint a mat sengem zweeten an drëtte Gol defintiv den Deckel drop gemaach. Um Enn séchert sech d’Fola mat engem souveräne 5:1 déi dräi Punkten zu Rouspert.
Hesper - Wooltz 4:2
1:0 Perez (4'), 2:0 Abdallah (44'), 2:1 Osmanovic (45+2'), 3:1 Francoise (46'), 4:1 Stolz (55'), 4:2
No 4 Minutten huet de Stolz no engem Ballgewënn de Perez fonnt, deen Hesper mat engem schéine Schoss an de laangen Eck fréi a Féierung brénge konnt. Déi éischt Aktioune vum Match hu gewisen dass béid Ekippen engagéiert waren a mam Ball séier de Wee no vir gesicht hunn. No enger hallwer Stonn hat Wooltz déi bescht Chance vum Match, wéi den Timmermans eleng virum Joubert stoung, ma de Ball knapps laanscht de Gol gaangen ass. Kuerz virun der Paus konnt den Abdallah no engem Konter dann op 2:0 erhéijen, ma an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent war et den Osmanovic, dee fir Wooltz nach op 1:2 verkierzt huet.
Nom Säitewiessel war Hesper dann immens waakreg an ass sou och fréi zum nächste Gol komm. De Francoise huet dem Golkipp mat engem Schoss an de laangen Eck keng Chance gelooss a sou an der 46. Minutt op 3:1 erhéicht. Ronn 10 Minutten drop war et dann de Stolz, deen de Ball hannert d’Linn gedréckt huet a mam Gol zum 4:1 de Match sou gutt wéi entscheede konnt. Wooltz ass et zwar nach gelongen duerch en Eelefmeter an der 66. Minutt op 2:4 ze verkierzen, um Enn huet d’Lokalekipp awer näischt méi ubrenne gelooss an d’Féierung iwwert d’Zäit bruecht.

Rodange - Diddeleng 0:3
0:1 Bettaieb (7'), 0:2 Delgado (24'), 0:3 Bettaieb (75')

Déifferdeng - Stroossen 1:1
0:1 Siebenaler (8'), 1:1 De Taddeo (45+2')

Hueschtert - Hamm Benfica 0:3
0:1 Correia (51')
Mondorf - Nidderkuer 0:1
0:1 Bah (17')
Ettelbreck - Peiteng 2:2
1:0 Stumpf (48'), 1:1 El Hamzaoui (49'), 2:1 Stumpf (62'), 2:2 Rodrigues (70')
