
Fir de Ribéry war et wichteg, no senger Zäit bei Bayern nach e Kontrakt fir zwee Joer bei engem Veräin ze ënnerschreiwen, wou hien nach op engem héijen Niveau Futtball spille kéint. Weider war et fir hien e wichtege Facteur, dass seng Famill bei him si kann.
De 36 Joer ale Futtballer ass schonns an Italien ukomm a soll e Mëttwoch de Medezin-Check maachen.