Nations LeagueFrankräich a Portugal spillen 0:0 gläich

RTL Lëtzebuerg
Och Polen an Italien trenne sech mat engem 0:0 an Dänemark wënnt kloer mat 3:0 géint Island.
© AFP

An der Liga A konnt England de Match géint d’Belsch dréinen a wënnt mat 2:1. Holland kënnt net iwwert en 0:0 géint Bosnien eraus a mat deem nämmlechte Resultat sinn och d’Matcher tëscht Frankräich a Portugal an tëscht Italien a Polen op en Enn gaangen. Kroatien ka sech mat 2:1 géint Schweden duerchsetzen an Dänemark wënnt kloer mat 3:0 géint Island.

An der Liga B war et alt nees eng Kéier den Haaland deen erausgestach huet a mat 3 Goler bal am Elenggang fir d'4:0-Victoire fir Norwegen géint Rumänien gesuergt huet.

LINK: Schonn um Samscheg konnt sech Lëtzebuerg mat 2:0 géint Zypern behaapten

Liga A

England - Belsch 2:1
0:1 Lukaku (16.’, Eelefmeter), 1:1 Rashford (39.’, Eelefmeter), 2:1 Mount (64.’)

An der éischter Hallschent war d’Belsch déi besser Ekipp an hat de Match am Grëff. Duerch een Eelefmeter an der 16. Minutt vum Lukaku waren d’Belsch a Féierung gaangen. D’Englänner waren offensiv harmlos, mee an der 39. Minutt konnte se de glécklechen Ausgläich schéissen nodeems de Rashford en Eelefmeter verwandele konnt. Bis op den Eelefmeter haten d’Englänner soss awer net vill opweises.

No der Paus war de Match ausgeglach. Vill Golchancë gouf et op béide Säiten net. An der 64. Minutt huet de Mount aus 16 Meter ofgezunn, de Ball gouf ofgefälscht an ass hannert de Mignolet an de laangen Eck gefall. England huet dat an der zweeten Hallschent insgesamt ganz gutt gemaach a séchert sech domat mat engem 2:1 eng Victoire géint d’Belsch.

Bosnien-Herzegowina - Holland 0:0

Holland hat gutt an de Match fonnt, mee mat der Zäit huet Bosnien ëmmer méi d’Kontroll vum Match iwwerholl. Trotz gudden Usätz hu béid Golkippen ni missen entscheedend agräifen, sou datt et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

An den zweete 45 Minutten ass Holland méi staark ginn a konnt sech richteg gutt Chancen eraus spillen, mee ëmmer rëm huet de Sehic staark Parade gewisen. D’Bosnier hunn allerdéngs och gutt verdeedegt an huele sech domadder 1 Punkt géint Holland, wat fir si en Erfolleg ass.

Kroatien - Schweden 2:1
1:0 Vlasic (32.’), 1:1 Berg (66.’), 2:1 Kramaric (84.’)

Frankräich - Portugal 0:0

Béid Ekippen hunn an der éischter Hallschent defensiv net vill ubrenne gelooss a konnten de Spectateure kee Spektakel u Chancë bidden. Déi bescht Chance hat de Cristiano Ronaldo an der 24. Minutt wéi en 8 Meter virum Gol konnt ofzéien, mee den Hernandez huet sech an de Schoss gehäit a konnt ofblocken.

Och no der Paus stoung bei béiden Ekippen d’Defense ganz stabil an hunn et soumat dem Géigner schwéier gemaach, Chancen eraus ze spillen. Zum Schluss vum Match ass Frankräich méi dominant ginn an huet Portugal méi an déi eegen Hallschent zeréck gedrängt, mee vill gutt Chancë koumen nach ëmmer net dobäi eraus. Ganz zum Schluss hat Portugal awer nach d’Chance op den 1:0 duerch de Ronaldo, mee de Lloris konnt paréieren.

Polen - Italien 0:0

Italien hat an den éischte 45 Minutte liicht Virdeeler a war besser am Match, mee hinnen wéi och Polen hunn d’Iddien am offensive Beräich gefeelt, fir richteg geféierlech ze ginn. Sou ass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.

An den zweete 45 Minutte war et dat nämmlecht Bild. Italien war déi dominant Ekipp an hat méi vum Match, mee am Stuerm war et immens dënn wat se ugebueden hunn. An de leschte Minutten huet de Match just vun der Spannung gelieft. Fir e Gol sollt et awer da fir keng Ekipp duergoen.

Island - Dänemark 0:3
0:1 Sigurjonsson (45.’, Eegegol), 0:2 Eriksen (46.’), 0:3 Skov (61.’)

Liga B

Irland - Wales 0:0

Norwegen - Rumänien 4:0
1:0 Haaland (13.’), 2:0 Sörloth (39.’), 3:0 Haaland (64.’), 4:0 Haaland (74.’)

Finnland - Bulgarien 2:0
1:0 Taylor (52.’), 2:0 Jensen (67.’)

Nordirland - Éisträich 0:1
0:1 Gregoritsch (42.’)

Serbien - Ungarn 0:1
0:1 Könyves (20.’)

Russland - Tierkei 1:1
1:0 Miranchuk (28.’), 1:1 Karaman (62.’)

Schottland - Slowakei 1:0
1:0 Dykes (54.’)

Israel - Tschechien 1:2
0:1 Abu Hanna (14.’, Eegegol), 0:2 Vydra (47.’), 1:2 Zahavi (55.’)

Liga C

Kasachstan - Albanien 0:0

Estland - Nordmazedonien 3:3
0:1 Kuusk (3.’, Eegegol), 1:1 Sappinen (33.’), 2:1 Sappinen (61.’), 3:1 Liivak (76.’, Eelefmeter), 3:2 Pandev (80.’), 3:3 Zajko (87.’)

Armenien - Georgien 2:2
1:0 Bayramyan (6.’), 1:1 Katcharava (46.’), 1:2 Okriashvili (74.’), 2:2 Mkhitaryan (89.’, Eelefmeter)

Litauen - Wäissrussland 2:2
1:0 Novikovas (7.’), 1:1 Lisakovich (59.’, Eelefmeter), 1:2 Sachivko (66.’), 2:2 Laukzemis (75.’)

Griicheland - Moldawien 2:0
1:0 Bakasetas (45.+3.’, Eelefmeter), 2:0 Mantalos (50.’)

Kosovo - Slowenien 0:1
0:1 Vuckic (22.’)

Den Iwwerbléck mat de Resultater

Fir weider Resultater an d’Tabelle klickt hei.

Back to Top
CIM LOGO