
Déi franséische Futtball.Liga steet wéinst der Corona-Pandemie virum Ofbroch. De Premierminister Edouard Philippe sot en Dënschdeg an enger Ried virun der Nationalversammlung, dass d’Saison 2019/2020 vun de Profisportaarten net méi nei lancéiert ginn.
Eng Reaktioun vun der Ligue 1 gëtt et nach net. Sollt et dann awer esou sinn, steet Paris St. Germain wuel als Champion fest.
Zanter Mëtt Mäerz gëtt a Frankräich net méi gespillt. Ufanks wollt ee Mëtt Juni nees ufänken.
