Dammenhandball-EMFrankräich géint Norwegen an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend stoungen an Dänemark bei der Europameeschterschaft am Dammenhandball d'Halleffinallen um Programm.
Grouss Freed bei Norwegen.
Grouss Freed bei Norwegen.

An der éischter Halleffinall vun der EM stounge sech Frankräich a Kroatien géintiwwer. Um Enn gouf et eng kloer Victoire fir d’Dammen aus Frankräich. Si louchen no den éischte 30 Minutte scho mat 15:5 a Féierung. Déi zweet Hallschent war du wuel méi ausgeglach, ma Frankräich huet den Avantage bis zum Schluss gutt geréiert an esou huet ee sech mat engem 30:19 den Ticket fir d’Finall vun der Dammenhandball-EM geséchert.

Nieft Frankräich steet och nach Norwegen ënnert den zwou leschten Ekippen. Si hu sech géint Dänemark behaapt. No der éischter Hallschent louchen d’Däninne mat 13:10 am Avantage. Norwegen konnt no der Paus d’Partie dréinen a sech esou mat 27:24 behaapten.

D’Finall tëscht Frankräich an Norwegen gëtt e Sonndeg um 18 Auer gespillt.

Frankräich feiert no der Victoire an den Halleffinallen.
Frankräich feiert no der Victoire an den Halleffinallen.
© AFP

Back to Top
CIM LOGO