Weider Resultater aus der Nations LeagueFrankräich klappt Kroatien mat 4:2

RTL Lëtzebuerg
Och Portugal wënnt a setzt sech mat 2:0 géint Schweden duerch. D'Belsch klappt Island mat 5:1 an England spillt just 0:0 géint Dänemark.
© AFP

An der Liga A hat d’Belsch keng Problemer mat Island a gewënnt däitlech mat 5:1. Nodeems Island mat 1:0 a Féierung gaangen ass, konnten d’Belsch de Match séier dréinen an hunn an der zweeter Hallschent alles kloer gemaach.

Portugal konnt mat Hëllef vun hirem Superstar Cristiano Ronaldo mat 2:0 gewannen. Mam 1:0 huet de Cristiano Ronaldo säin 100. Gol fir Portugal geschoss. Dat sinn déi zweet meescht an der Geschicht.

Frankräich a Kroatien hu sech e spannenden Duell geleescht, mee schlussendlech konnt sech dunn awer de Favorit aus Frankräich mat 4:2 duerchsetzen.

England huet eng schwaach Leeschtung gewisen a kënnt géint Dänemark zu engem glécklechen 0:0. Um Enn vum Match hätt de Kane fir den 1:0 kéinte suergen, mee de Jörgensen konnt dem Kane säi Schoss op der Linn retten.

An der Liga C wënnt Armenien mat 2:0 géint Estland. Den 1:0 gouf vum Ex-Nidderkuerer Karapetian geschoss. Am zweete Match hu sech Georgien an Nordmazedonien mat 1:1 d’Punkte gedeelt.

An der Liga D konnt San Marino no der Néierlag géint Gibraltar och géint Liechtenstein keng Punkten huelen a verléiert mat 0:2.

Liga A

Belsch - Island 5:1
0:1 Fridjonsson (10.’), 1:1 Witsel (13.’), 2:1 Batshuayi (17.’), 3:1 Mertens (50.’), 4:1 Batshuyai (69.’), 5:1 Doku (79.’)

Dänemark - England 0:0

Belsch wënnt däitlech, England spillt just gläich
D’Belsch konnt de Match géint Island dréinen a wënnt schlussendlech däitlech. England huet sech schwéier gedoen a spillt just 0:0.

Schweden - Portugal 0:2
0:1 Cristiano Ronaldo (45.’), 0:2 Cristiano Ronaldo (72.’)

Frankräich - Kroatien 4:2

0:1 Lovren (16.’), 1:1 Griezmann (43.’), 2:1 Livakovic (45.+1.’, Eegegol), 2:2 Brekalo (55.’), 3:2 Upamecano (65.’), 4:2 Giroud (77.’, Eelefmeter)

Frankräich a Portugal setze sech duerch
Frankräich ka sech mat 4:2 géint Kroatien a Portugal wënnt mat 2:0 duerch 2 Goler vum Cristiano Ronaldo.

Liga C

Armenien - Estland 2:0
1:0 Karapetian (43.’), 2:0 Wbeymar (65.’)

Georgien - Nordmazedonien 1:1
1:0 Okrishvili (13.’, Eelefmeter), 1:1 Ristovski (33.’)

Resuméen vum Grupp 2 aus der Liga C
Bei Armenien konnt den Ex-Nidderkuerer den 1:0 fir Armenien schéissen a wannen mat 2:0. Georgien an Nordirland deelen d’Punkten.

Klickt hei, fir op d’Resultater vun de Partië Lëtzebuerg - Montenegro an Zypern - Aserbaidjan ze kommen.

Liga D

San Marino - Liechtenstein 0:2
0:1 Hasler (3.’, Eelefmeter), 0:2 Frick (14.’)

San Marino - Liechtenstein 0:2
Duerch 2 Goler an der éischter Hallschent wënnt Liechtenstein mat 2:0.

Back to Top
CIM LOGO