
No 64 Deeg, 19 Stonnen, 22 Minutten huet de 40 Joer ale Schëffsarchitekt aus der Normandie, Skipper fir Macif Santé Prévoyance, op dëser 10. Editioun een neie Rekord fir eng Weltëmseegelung opgestallt. Start an Zil war den Hafe Les Sables-d’Olonne um Atlantik an dem franséischen Departement Vendée.
Den ale Strecke-Rekord war 2017 vum Fransous Armel Le Cléac’h opgestallt ginn, dee 74 Deeg, 3 Stonnen a 35 Minutten ënnerwee war - ganzer néng Deeg méi, wéi den Dalin.
An der Course huet den Dalin 27.668 Meilen hannert sech bruecht a war mat enger Duerchschnëttsvitess vu 17.79 Kniet ënnerwee. Seng Rees ronderëm d’Welt huet hie gréisstendeels op d’Südhallefkugel bruecht, Wou hien Afrika, Australien a Südamerika südlech ëmfuer huet.