BundesligaFreed bei der Fortuna no 2:1-Erfolleg iwwer Nürnberg

RTL Lëtzebuerg
Um 23. Spilldag vun der Bundesliga huet Schalke zu Mainz 3:0 verluer. Et koum och d'Nouvelle, datt de Manager Heidel beim S04 wäert ophalen.
© afp

Werder Bremen an de VfB Stuttgart hunn e Freideg den Owend fir den Optakt vum 23. Spilldag an der héchster däitscher Futtball-Divisioun géintenee gespillt. Béid Ekippen hu sech d’Punkte gedeelt.

LINK: Internationale Futtball: Stuttgart séchert sech auswäerts emol erëm ee PunktE Samschdeg Nomëtteg war et dunn d’Suite mat de véier Mëttespartien an enger Owespartie. Ënner anerem kruten et d’Bayern mat Hertha Berlin ze dinn a Mainz hat Schalke op Besuch, wou de Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro bei de Rheinhessen am Kader war.

Düsseldorf - Nürnberg 2:1

Ee ganz batteren Owend gouf et fir de Club aus Nürnberg. Direkt an der 4. Spillminutt krute sich de Matheus Pereira mat enger rouder Kaart wéinst enger Tätlechkeet vum Terrain gesat. De Brasilianer hat engem Géigespiller ee Coup an déi verbueden Zon matginn.

Ee direkt Kapital konnten d’Fortuna aus dëser Spillsituatioun an Iwwerzuel net schloen, just 10% méi Ballbesëtz stounge fir d’Düsseldorfer an der Statistik. Lues a lues ass am Laf vun der 1. Hallschecht de Gaascht déi méi geféierlech Ekipp ginn an ass schliisslech an der 41. Spillminutt duerch de Löwen a Féierung geroden. Dat war och d’Resultat an der Paus.

Den Duell vun der Bundesliga-Opsteiger goung am 2. Duerchgang monter weider. Béid Formatioune wollte wannen, ma et sollt bis an déi 63. Spillminutt daueren, bis den Ausgläich fir d’Fortuna fale sollt. Op en Neits batter fir Nürnberg, well et ee Selbstgol vum Ewerton mam Kapp war.

Eng 7 Minutte viru Schluss huet den Ayhan dunn de Sak zougemaach. 2:1 fir Düsseldorf no enger schéiner Flank an engem Käpper vum Düsseldorfer Ofwierspiller. 2:1 war dunn och d’Schlussresulstat - ee Score, deen dem Club d’Liewe weiderhin erschwéiert.

Mainz - Schalke 3:0

D’Haushäre koumen an der Partie géint den S04 gutt an de Match. Schonns no 5 Minutten hate si déi 1. Golchance, ma dem Bell säi Schoss goung just knapp laanscht de Potto. Schalke hat iwwerdeems och déi eng oder aner Méiglechkeet fir geféierlech virun de Mainzer Gol ze kommen. An der 18. Spillminutt huet sech Mainz awer fir dee bessere Start an dee gudde Pressing op de Schalker Gol belount - 1:0 duerch den Onisiwo. D’Féierung war verdéngt, wéi den Arbitter Jablonski béid Formatioune fir d’Paus an d’Katakombe geschéckt huet.

Aus Lëtzebuerger Siicht sinn d’Hoffnungen op een Asaz vum Leandro Barreiro geklommen. Dat wéi Mainz 05 an der 73. Spillminutt duerch den agewiesselte franséische Stiermer Mateta op 2:0 erhéije konnt. Den 3:0 fir d’Rheinhessen houng well an der Luucht, wéi den Onisiwo am Strofraum knapp iwwer déi Schalker Këscht gekäppt huet. An der 84. konnt den nämmlechten Onisiwo dunn op 3:0 setzen an eng verdéngte Victoire kloermaachen.

De Mainzer Trainer Sandro Schwarz huet dat Lëtzebuerger Nowuesstalent Barreiro awer net agewiesselt.

Den FC Schalke huet iwwerdeems nom Match wësse gedoen, datt de Christian Heidel vu sengem Amt als Manager bei S04 spéitstens um Enn vun der Saison zerécktrëtt.

Bayern - Hertha 1:0

Dräi Verännerunge goufen et am Kader vun de Bayern nom 0:0 an der Woch bei Liverpool. De Boateng, Goretzka a Ribéry krute vun hirem Trainer Asazzäit geschenkt. Déi 1. Hallschecht blouf et gréisstendeels roueg mat ëmmer nees gudde Golméiglechkeete fir d’Haushären. D’Hertha hat et ufanks schwéier an ass eréischt no der hallwer Stonn besser an de Match komm. Déi ‘Al Damm’ stoung an der Allianz Arena defensiv richteg gutt, wat dem FCB d’Liewen am leschten Drëttel no vir natierlech schwéier gemaach huet - 0:0 no 45 Spillminutten.

© afp

Den 1:0 fir d’Bayern aus der 62. Spillminutt vum Martinez souz dunn awer a Berlin hat duerno Schwieregkeeten, erëm an de Match ze kommen. Den FCB huet de Match dominéiert, ouni awer onnéideg Kraaft ze loossen. D'1:0-Victoire fir déi Münchener war um Enn méi wéi verdéngt.

Gladbach - Wolfsburg 0:3

Gladbach war no der Defaite leschte Weekend zu Frankfurt doheem géint de VfL Wolfsburg gefuerdert. Esou hunn d’Fohlen virum eegene Public och vun Ufank un op de Gas gedréckt - just beloune konnte si sech net. Dovun huet dem Labbadia seng Ekipp profitéiert an an der 38. Spillminutt den 1:0 markéiert. Et war den Ex-Kölner Gerhardt, deen d’Wölfe an Avantage brénge konnt an d’Gladbacher äiskal geduscht huet. Mat deem Score goung et an d’Paus.

D’Lokalekipp huet sech mol vun deem Schock missen erhuelen, wat hinnen net alt ze gutt gelongen ass. An der 68. ass de Gaascht du mat 2:0 duerch de Mehmedi a Féierung gaangen an an der 83., kuerz viru Schluss, huet de Schwäizer ee weidere Gol dropgesat.

Mat dëser 0:3-Defaite sinn d’Fohlen an enger klenger Formkris.

Freiburg - Augsburg 5:1

Richteg monter a punkto Goler war et e Samschdeg de Mëtteg am Breisgau. D’Lokalekipp hat ee gudden an de Gaascht aus Augsburg ee schlechten Dag erwëscht. Et ware mol keng 10 Minutte gespillt, wéi de Petersen seng Faarwen an der 9. Spillminutt mat 1:0 an Avantage bruecht huet. Knapp 20 Minutte méi spéit konnt den Italiener Grifo nach een dropsetzen. Freiburg war staark an ëmmer nees geféierlech am Spill no vir. Kuerz virum Téi konnt den Ex-Bayern-Stiermer Petersen eng weider Kéier markéieren a Freiburg mat 3:0 a Féierung schéissen. Deen aner Buter, de Grifo, hat an der Nospillzäit esouguer nach d’Chance op de 4:0, ma et sollt awer no 45 Minutte beim Avantage vun dräi Goler fir dem Trainer Streich seng Ekipp bleiwen.

Augsburg huet nom Téi konnt Augsburg an der 52. Minutt duerch de Khedira den Uschlossgol schéissen. D’Freed huet awer net laang ugehalen, well just gutt 10 Minutte méi spéit de Waldschmidt mat sengem 4:1 den Deckel op de Match geluecht huet. Wéi den Niederlechner du 5 Minutte viru Schluss op 5:1 gesat huet, konnten d’Breisgauer déi dräi Punkte feieren.

Back to Top
CIM LOGO