Europa LeagueFreiburg no Verlängerung weider, AS Roum muss duerch d'Eelefmeterschéissen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend waren et d'Retourmatcher vun der Siechzéngtelsfinall an der Europa League

SC Freiburg - RC Lens 3:2
0:1 Pereira da Costa (28'), 0:2 Wahi (45'+1), 1:2 Sallai (67'), 2:2 Sallai (90'+2), 3:2 Gregoritsch (99')

Nom 0:0 am Allersmatch hate beim Retour béid Ekippen nach gutt Chancen, fir weiderzekommen. An d’Gäscht aus Frankräich hu gutt ugefaangen an hir puer Chancen, déi si haten, och genotzt. No Goler vum Pereira Da Costa no 28 Minutten an vum Wahi an der Nopsillzäit, konnte si mat 2:0 an d’Paus goen. Ma nom Säitewiessel huet Freiburg opgedréint a bei Lens ass nach just ganz wéineg no Vir gaangen. Eleng bei den Ofschlëss stoung et 20:4 fir d’Heemekipp nom Pausentéi. Duerch den Drock an de ville Ballbesëtz hu sech déi Freiburger Chancen erausgespillt an konnten duerch zwee Goler vum Sallai sech an d’Verlängerung retten. Hei war et de Gregoritsch, deen an der 99. Minutt den entscheedenden an decisiven 3:2 fir d’Heemekipp geschoss huet.

Stade Rennes - AC Mailand 3:2
1:0 Bourigeaud (11'), 1:1 Jovic (22'), 2:1 Bourigeaud (54',p), 2:2 Leao (58'), 3:2 Bourigeaud (68',p)

Mailand ass mat engem 3:0 am Réck op Rennes gereest a stoung domadder scho quasi mat engem Been an der nächster Ronn. Ma d’Fransouse wollte sech net opginn an hire Fans doheem eppes bidden. An esou si si och ugetrueden. No 11 Minutte scho konnte si a Féierung goen an no 22 Minutten huet de Jovic nees ausgeglach. Mat deem Score goung et dann och an d’Paus. Ma kuerz no Säitewiessel huet de Bourigeaud säin zweete Gol markéiert a Rennes nees a Féierung bruecht. Ma och déi huet net laang gehalen, well scho véier Minutte méi spéit huet de Leao nees ausgeglach. De Schlussgol koum dann nees vum Bourigeaud an der 68. Minutt. Wéi scho bei sengem zweeten Treffer huet hie vum Punkt d’Nerve behalen. Rennes ass trotz dem Hattrick vum Bourigeaud eliminéiert, huet de Fans doheem awer e Kampf gewisen an eng Victoire gebueden.

AS Roum - Feyenoord Rotterdam 1:1 (4:2 am Eelefmeterschéissen)
0:1 Gimenez (5'), 1:1 Pellegrini (15')

Zu Rotterdam hu sech béid Ekippe mat engem 1:1 getrennt an esou huet et och no 90 Minutten zu Roum ausgesinn. Dobäi ware béid Goler schonn no ronn enger Véierelstonn gefall, nodeem Rotterdam duerch de Gimenez no 5 Minutten a Féierung goung an de Pelligrini no 15 Minutten ausgeglach huet. Weder an dem Recht vun den 90 Minutten, wéi och an den 30 Minutte Verlängerung sollt nach e Gol falen, esou datt et huet missten an d’Eelefmeterschéisse goen. An hei haten dunn d’Réimer déi besser Nerven: Si hu véier vun hire fënnef Penaltyen eragemaach a well d’Hollänner vu Rotterdam zwee Mol verschoss hunn, goufe si am leschte Moment eliminéiert.

Déi komplett Resultater

All d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO