
Beim SC Freiburg leeft weiderhin alles no Plang. Net nëmmen an der Bundesliga hu si e gudde Start erwëscht, ma och an der Europa League wëssen d‘Jonge vum Trainer Christian Streich ze iwwerzeegen. 2 Matcher, 2 Victoiren: den Donneschdeg den Owend konnte si sech kloer mat 3:0 géint Olympiakos Piräus duerchsetzen.
Eng Iwwerraschung gouf et am Match tëscht Monaco a Ferencvaros. D‘Ekipp aus der Ligue 1 huet sech hei nämlech iwwerraschend mat 0:1 misse geschloe ginn. De Vecsei huet den decisive Gol fir d‘Ungare geschoss.
Donieft gouf et awer nach eng weider fauschtdéck Iwwerraschung. Midtjylland aus Dänemark huet Lazio Roum mat 5:1 iwwerrannt. Domat hunn am Grupp F elo alle 4 Ekippen 3 Punkten um Konto.
D‘Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris wënnt en Donneschdeg mat 3:2 géint Malmö a wënnt domat och den zweete Match an der Gruppephas. Si sinn elo punktgläich mat Braga, déi hirersäits mat 1:0 géint Union Berlin gewonnen hunn.