
D’Dot soll Enn 2022 zu Barcelona geschitt sinn. Den Dani Alves selwer huet drop plädéiert, d’Affer hätt net gesot, datt si kee Geschlechtsverkéier mat em wollt. Trotzdeem huet d’Geriicht zu Barcelona de brasilianeschen Ex-Nationalspiller zu 4 Joer a 6 Méint Prisong, wéi och zu enger Geldstrof vun 150.000 Euro verurteelt.
De 40 Joer alen Dani Alves, deen a senger Karriär nieft Barcelona an dem PSG och fir Juventus Turin gespillt huet, sëtzt zanter Januar 2023 an Untersuchungshaft. Fir d’lescht stoung hie beim mexikaneschen Éischtligist UNAM Pumas aus Mexico-City ënner Vertrag. Wéinst de Virwërf géint hien, gouf de Kontrakt mam Alves awer nees opgeléist.