
De Gavin Love war rezent scho Coach beim AB Contern an huet an diversen europäesche Länner Coaching-Erfarunge sammele kënnen. Elo wäert hie bei der Ettelbrécker Etzella op der Trainerbänk sëtzen. Nieft dem Gavin wäert och den Dragan Stipanovic dem Club erhale bleiwen an als Co-Trainer a Jugendcoach weider fungéieren.
D’Etzella war dëst Joer an den Halleffinalle vun de Playoffs am Championnat vun der Amicale Steesel eliminéiert ginn.