
De President vun der Lëtzebuerger Boule- a Petanque- Federatioun krut vu 66 Verbänn, 64 Jo-Stëmmen, eng Abstentioun an eng Nee-Stëmm, dat si ronn 97 Prozent Zoustëmmung. D’Mandat fir de Lëtzebuerger geet iwwer 4 Joer.
De Gerard Schneider war ouni Géigekandidat a léist de Fransous Claude Azema of, deen déi lescht 20 Joer un der Spëtzt vun der internationaler Petanquefederatioun stoung.