
An der 3. Liga an Däitschland war de Maurice Deville e Méindeg den Owend mat Saarbrécken am Asaz. Fënnef Deeg no sengen zwee Goler an der Partie géint Mannheim souz de Lëtzebuerger bei der 4:0-Victoire géint den FC Bayern München II am Ufank op der Bänk. No 77 Minutten ass hien agewiesselt ginn. Kuerz viru Schluss huet den Deville de Gol vum Jacobs preparéiert. No 34 Spilldeeg steet Saarbrécken mat 55 Punkten op Plaz fënnef an der 3. Liga.
De Vincent Thill koum bei der 1:0-Victoire vun Nacional Funchal géint Vitoria Guimaraes net an den Asaz. De Lëtzebuerger souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. Nacional Funchal steet op der leschter Plaz an der Tabell. De Réckstand op Boavista an d’Relegatiounsplaz si véier Punkten.
Mat enger spektakulärer Victoire huet Dynamo Kiew mam Gerson Rodrigues de 16. Championstitel an der Ukrain gewonnen. E Sonndeg huet ee mat 5:0 géint Inhulets gewonnen an domadder kann dräi Spilldeeg viru Schluss keng aner Ekipp méi Kiew afänken. De Rodrigues gouf an der 60. Minutt agewiesselt, do stoung et schonn 3:0.
Kiew huet als Leader 58 Punkten um Konto. Schachtar Donezk ass Zweete mat 45 Punkten.
Am Championnat an der Schwäiz hunn d’Young Boys Bern mam Christopher Martins eng weider Victoire gefeiert. No 90 Minutten hat ee mat 2:1 géint Sion d’Nues vir. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Match duerchgespillt.
An der 2. Liga an der Belsch hunn den Anthony Moris a St. Gilloise eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn. Géint Deinze huet ee sech no 90 Minutte mat engem 2:2-Remis getrennt. Den FLF-Nationalgolkipp stoung de ganze Match tëscht de Pottoen.
An der Belsch huet Léck an der Finall vun der Coupe mat 1:2 géint Genk de Kierzere gezunn. Genk huet bei der 5. Victoire dem Standard keng Chance gelooss. De Laurent Jans stoung bei Léck net am Kader.
An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense bei Arouca mat 0:3 verluer. Den Eric Veiga stoung bei de Gäscht an der Startformatioun a gouf an der 46. Minutt ausgewiesselt. Nom 30. Spilldag huet Vilafranquense 27 Punkten um Kont an ass domadder punktgläich mat Varzim, déi op enger direkter Ofstigsplaz stinn.
An der Bundesliga ass et fir de Leandro Barreiro mat Mainz eng iwwerraschend 2:1-Victoire géint den FC Bayern ginn.An der Eastern Conference vun der MLS gouf et fir de Maxime Chanot mat New York City eng 5:0-Victoire géint den FC Cincinnati. De Lëtzebuerger Defenseur war de ganze Match am Asaz an huet hanne sou gutt wéi näischt zougelooss.
Am hollännesche Championnat huet Sparta Rotterdam um 30. Spilldag mat 2:0 géint Venlo gewonnen. De Mica Pinto stoung bei Rotterdam net am Kader. An der Tabell hu Pinto a Co hir Plaz am Mëttelfeld gefestegt, dat duerch zéng Punkten aus de leschte fënnef Matcher.
A Moldawien ass et fir de Sébastien Thill mat Sheriff Tiraspol eng 2:0-Victoire géint Sfintul Gheorghe ginn. Dobäi war hie fir 70 Minutten am Asaz. Tiraspol steet no 29 Spilldeeg mat engem Virsprong vun 13 Punkten op der éischter Plaz an der Tabell.
Fir den Olivier Thill gouf et bei Vorskla Poltava an der ukrainescher Premier League eng kloer 0:3-Defaite géint Kolos Kovalivka. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf an der 85. Minutt ausgewiesselt.
An der ukrainescher Liga war och nach den Enes Mahmutovic am Asaz. Hie konnt sech mam FC Lwiw mat 1:0 géint Desna Chernihiv duerchsetzen.
De Vahid Selimovic ass e Samschdeg beim OFI Kreta net zum Asaz komm. Seng Ekipp konnt sech awer mat 1:0 géint den FC AEL behaapten. An der Tabell läit Kreta ee Punkt virun der Relegatiounsplaz a véier Punkte virum Tabelleleschten, dem eenzegen direkten Ofsteiger.
An der 2. däitscher Bundesliga huet de Karlsruher SC e Freideg den Owend géint d’Würzburger Kickers 2:2 gespillt. Den Dirk Carlson stoung no senger Blessure nach net am Kader vun de Karlsruher.
An der 2. Liga am portugisesche Championnat huet de Marvin Martins mat Casa Pia gespillt. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller a seng Coequipiere gouf et no 90 Minutte bei Estoril Praia een 1:1-Remis. De Martins gouf an der 46. Minutt agewiesselt.