Lëtzebuerger Futtballer am AuslandGerson Rodrigues mat Gol bei Victoire vu Bratislava

RTL Lëtzebuerg
An Éisträich huet de Marvin Martins misse verletzungsbedéngt bei Austria Wien fréizäiteg ausgewiesselt ginn.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

De Gerson Rodrigues gouf an der Slowakei bei der 2:0 Victoire vu Bratisalva géint Trencin an der 59. Minutt beim Stand vun 1:0 fir Slovan Bratislava agewiesselt. 7 Minutte mei spéit war et de Lëtzebuerger Stiermer deen de Score fir seng Faarwen op 2:0 erop geschrauft huet. Bratislava gewënnt deemno mat 2:0.

An Éisträich stoung den Derby tëscht Rapid an Austria Wien um Programm. An hei ka sech no 90 Minutte Rapid däitlech mat 3:0 géint déi Violett behaapten. Bei der Austria huet de Lëtzebuerger Marvin Martins mat Uewerschenkel Problemer an der 33. Minutt misse verletzt ausgewiesselt ginn.

An der Belsch huet den Anthony Moris mat St. Gilloise 2:1 géint Leck gewonnen. De Golkipp stoung wéi gewinnt 90 Minutten tëscht de Pottoen.

An der 1. Liga a Polen verléiert de Sebastian Thill mat Rzeszow auswäerts mat 1:5 géint Arka Gdynia. Dobäi ass de Match fir de Lëtzebuerger gutt ugaangen. An der 18. Minutt krut Rzeszow een Eelefmeter zougesprach deen de Sebastian Thill zum 1:0 era geschoss huet. An der Suite vum Match war géint Arka Gdynia awer kee Kraut mei gewuess. Rzeszow steet no 21. Spilldeeg mat 23 Punkten op der 13. Plaz an der Tabell.

Um 23. Spilldag an der hollännescher Eredivisie huet Excelsior Rotterdam doheem mat 1:2 géint den direkte Konkurrent em den Ofstig Vitesse Arnheim verluer. Bei de Gäscht vun Arnheim stoung de Lëtzebuerger Defenseur Mica Pinto 90 Minutten um Terrain. Den entscheedenden Gol huet den Isimat-Mirin an der 86. Minutt markéiert. Fir Arnheim war et am Tabellekeller deemno eng immens wichteg Victoire.

An der 2. däitscher Bundesliga huet den HSV beim 1. Match vum neien Trainer Steffen Baumgart mat 1:0 géint den SV Elversberg mam Lëtzebuerger Co. Trainer Raphael Duarte gewonnen. De Gol vum Dag huet de Königsdörffer an der 53. Minutt geschoss.

Samschdeg
An der zweeter Liga a Frankräich ass de Maxime Chanot mat Ajaccio net iwwert en 0:0 géint Amiens erauskomm. De Lëtzebuerger huet wéi gewinnt de ganze Match gespillt an eng gutt Leeschtung gewisen, Ajaccio huet allerdéngs zwee wichteg Punkten an der Lutte ëm den Opstig leie gelooss.

Bastia konnt sech iwwerdeems ee Punkt beim Tabelleleader Auxerre sécheren. D’Ekipp vum Florian Bohnert, deen déi 90 Minutten iwwer um Terrain stoung, konnt an der 89. Minutt den 1:1 markéieren a sech domat e wichtege Punkt am Ofstigskampf sécheren.

An der zweeter Bundesliga an Däitschland gouf et eng kloer 3:0-Victoire fir Magdeburg géint Schalke, bei där de jonken Eldin Dzogovic net am Kader stoung. Magdeburg konnt sech domat ee klenge Virsprong op d’Ofstigsplazen erausspillen a steet elo op Plaz 11.

An der éischter Liga an Holland konnt Nijmegen sech doheem mat 2:0 géint Sparta Rotterdam duerchsetzen. Domat huet d’Ekipp vum Yvandro Borges, deen déi 90 Minutten iwwer op der Bänk bliwwen ass, weider gutt Chancen op eng europäesch Qualifikatioun.

An der ieweschter Divisioun an der Schwäiz huet Yverdon Sport doheem géint Basel de Kierzere gezunn. Dee vu Köln ausgeléinte Mathias Olesen stoung bei Yverdon net am Kader, déi domat dräi wichteg Punkten an der Lutte ëm eng Plaz am Playoff-Grupp verpassen.

Ouni de verletzte Vincent Thill huet Sabah Baku sech misse mat 0:2 auswäerts bei Sbail FK geschloe ginn. Baku bleift domat op Plaz 7 vun der aserbaidschanescher éischter Liga, kann um Sonndeg awer nach op Plaz 8 falen.

Am Spëtzematch an der éischter Liga a Bulgarien gouf et eng knapp Defaite fir ZSKA Sofia. Mat 0:1 huet ee sech bei Cherne More Varna misse geschloe ginn, déi domat elo dräi Punkte méi um Kont hunn an Tabelleleader sinn. Bei Sofia souz den Enes Mahmutovic 90 Minutten op der Bänk.

Freideg

De Leandro Barreiro huet de ganze Match duerchgespillt, krut awer no 24 Minutte schonn e Foul gepaff, well hien ze aggressiv un de Ball gaangen ass. An esou sollt sech dat och quasi duerch de ganze Match zéien.

Mainz 05 hate géint hire Géigner net vill Chance, déi elo schonn dat 33. Flichtspill fir sech decidéiere konnten. Duerch ee Feeler vum Mainzer Goalkeeper konnt Bayer um Enn mat 2:1 gewannen. Domat huet Bayern Leverkusen säi Virsprong an der Tabellespëtzt op 11 Punkten ausgebaut.

Klickt, fir op d’Resultater vun der 1. däitscher Bundesliga ze kommen.

An der Partie Kiel géint St. Pauli an der 2. Bundesliga konnt sech iwwerdeems St. Pauli 4:3 duerchsetzen. Den Daniel Sinani huet awer net gespillt.

Klickt, fir op d’Resultater vun der 2. däitscher Bundesliga ze kommen.An der 2. Liga an Éisträich huet St. Pölten mam Dirk Carlson géint Lafnitzh gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a konnt sech an der 39. Minutt iwwert d'1:0-Féierung freeën. A bei deem Resultat sollt et och bleiwen. Sankt Pölten ass en ament op der 5. Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO