
Nodeems Kiew den Allersmatch schonns mat 2:1 géint Gent gewonnen hat, huet och de Retourmatch gutt ugefaange fir d’Ekipp aus der Ukrain. De Buyalskyy konnt Kiew nämlech schonns an der 10. Minutt a Féierung bréngen, dat no gudder Viraarbecht vum Supriaga.
An et sollt och esou gutt weidergoen, well an der 36.Minutt krut Kiew en Eelefmeter. No enger Flank vum Lëtzebuerger Gerson Rodrigues huet de Plastun de Ball mat der Hand beréiert. Den De Pena konnt vum Punkt aus op 2:0 stellen.
An der 49. Minutt kruten d’Haushären dunn nach e weideren Eelefmeter zougesprach. Déi Kéier war et de Gerson Rodrigues, deen ugetrueden ass an och hie konnt vum Punkt markéieren. Deemno den 3:0 duerch de Lëtzebuerger.
No genau enger Stonn gouf de Rodrigues dunn ausgewiesselt. Um Enn wënnt Kiew de Match mat 3:0 géint Gent a steet domat an der Gruppephas vun der Champions League, deemno och de Lëtzebuerger.
Hien ass dann och den éischten Nationalspiller aus dem Grand-Duché, deen an der Gruppephas vun der Champions League spille wäert. En Donneschdeg ass dann och den deementspriechenden Tirage.