
De fréiere Spiller vum Stater Racing an der Escher Fola huet bei den Ukrainer ee Kontrakt iwwer 5 Saisonen ënnerschriwwen a soll de 15-molegen ukrainesche Champion zwou Milliounen Euro kascht hunn.
Nieft dem Marvin Martins bei Karpaty Lviv, ass de Rodrigues dann deen zweeten FLF-Spiller an der Ukrain. D’Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz schéngt bei den zwou knappen an zum Deel onverdéngten 1:2- an 0:1-Defaitten an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint d’Ukrain e ganz positiven Androck an deem Land hannerlooss hunn.
Och den Tim Hall vum Progrès Nidderkuer ass bei engem ukrainesche Veräin am Gespréich.
LINK: Weidere Lëtzebuerger an d’Ukrain? Tim Hall viru Wiessel op Lviv