Lëscht mat den NominéiertenGesicht gëtt de beschte Sportler, Sportlerin, Trainer an Ekipp vum Joer 2024

RTL Lëtzebuerg
De 4. Dezember organiséiert Sportspress.lu zu Munneref déi 70. Editioun vun der Awards Night a feiert zäitgläich de 95. Gebuertsdag vun der Associatioun.

Zanter en Dënschdeg kann d’Lëtzebuerger Sportspress nees déi beschte Sportler a Sportlerinne vum Joer wielen. Bei den Hären sinn am Ganzen 14 Athleten nominéiert, dorënner och den Titelverdeedeger Leandro Barreiro.

D’Patrizia van der Weken déi lescht d’Joer gewonnen huet, huet dës Kéier och 13 Konkurrentinnen.

Bei den beschten Trainer hat sech d’lescht Saison de Luc Holtz duerchgesat, hien huet mam Tommy Danielson, dem Mariusz Dziurdzia an dem Arnaud Starck 3 Konkurrenten.

Bei den Ekippe kommen der am Ganzen 7 a Fro. D’Awards Night ass de 4. Dezember.

© Screenshot

A fënnef vun den am Ganzen néng Kategorië steet de jeeweilege Gewënner scho fest:

Prix du Jeune Espoir masculin: Lang David
Prix du Jeune Espoir féminin: Nothum Gwen
Prix Sport et Handicap: Schréder Eike (Special Olympics)
Prix d’Honneur: Langehegermann Val (Cyclissem, Dëschtennis)
Prix Ultra Sport: Kremer Paule (Schwammen)

Fir déi aner véier Kategorië sinn elo d’Lëschte mat den Nominéierte bekannt, déi eng Chance op eng Auszeechnung duerch de Choix vun de Membere vu Sportspress.lu hunn:

Sportler vum Joer

Barreiro Leandro - Futtball
Bertemes Bob - Liichtathletik
Bettendorf Victor - Sprangreiden
Fabiani Rémi - Schwammen
Giannotte Flavio - Fechten
Geniets Kevin - Cyclissem
Habscheid Tom - Para-Liichtathletik
Kirsch Alex - Cyclissem
Klein Pit - Bouschéissen
Kovac Ben - Basketball
Mladenovic Luka - Dëschtennis
Moris Anthony - Futtball
Munster Grégoire - Auto-Sport
Wagner Ehlinger Nicolas - Dressurreiden

Sportlerin vum Joer

De Nutte Sarah - Dëschtennis
Estevez Marta - Futtball
Etute Ehis - Basketball
Hoffmann Vera - Liichtathletik
Klein-Shkolna Mariya - Bouschéissen
Lehair Jeanne - Triathlon
Majerus Christine - Cyclissem
Mathias Charline - Liichtathletik
Mordenti Céleste - Turnen
Ni Xia Lian - Dëschtennis
Schreiber Marie - Cyclissem
Simon Anne - Basketball
Van der Weken Patrizia - Liichtathletik
Warling Jenny - Karate

Ekipp vum Joer

Basketball - Dammennationalekipp
Futtball - Härennationalekipp
Handball - HB Diddeleng Dammen
Rugby - Härennationalekipp
Tennis - Davis-Cup-Ekipp Hären
Dëschtennis - Dubbel mixte Ni/Mladenovic
Bouschéissen - Dubbel mixte Shkolna/Seywert

Trainer vum Joer

Danielsson Tommy - Dëschtennis
Dziurdzia Mariusz - Basketball
Holtz Luc - Futtball
Starck Arnaud - Liichtathletik

D’Sportspress.lu feiert deen Owend och zwee Anniversairen, an zwar ass et déi 70. Editioun vun der Sportlerwal an deen 95. Gebuertsdag vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Sportspress.

Back to Top
CIM LOGO