Den internationalen Triathlon zu Wäiswampech gouf vum Axel Baumans mat enger Zäit vun 1 Stonn, 55 Minutten a 29 Sekonne gewonnen. Op déi zweete Plaz kënnt de Jakob Breinlinger, dat mat engem Réckstand vu 37 Sekonnen.
Beschte Lëtzebuerger war de Gilles Miny op der 7. Plaz. 2 Minutten hannert him klasséiert sech de Jérôme Ewen op der Plaz 8. De Podium vum Lëtzebuerger Championnat iwwert déi olympesch Distanz ass deemno: Gilles Miny virum Jérôme Ewen.
Bei den Dammen huet d’Haitske Overbeek d’Course gewonnen a gëtt Championne fédérale. Lëtzebuerger Championne gëtt d’Sonny Eschette virum Samantha Ecker. D’Lëtzebuergerinnen hunn um Enn 1 Minutt a 16 Sekonne getrennt.
Hei fannt Dir dat komplett Resultat.
