
Wéi “Ajansspor” schreift, kéint et dem Lëtzebuerger säi leschte Match fir déi tierkesch Ekipp gewiescht sinn. Dem Trainer Bülent Uygun no hätt een an der Ekipp e puer Problemer gehat a virum Match géint Galatasaray wier et zu engem richtege Chaos komm.
Aus Medieberichter ass ervirgaangen, datt de Veräin sech dowéinst vun dräi Spiller trenne wéilt, dorënner och de Gerson Rodrigues. Confirméiert gouf dat vum Veräin nach net. Allerdéngs war de Lëtzebuerger Nationalspiller e Sonndeg net am Kader vu Sivasspor fir de Match géint Samsunspor. Um Site vu Sivasspor war ze liesen, de Gerson Rodrigues wier net am Kader, well hien am Lager vun der Nationalekipp wier.