FuttballGinn de Messi a Barcelona wierklech getrennte Weeër?

RTL Lëtzebuerg
Aus dem internationale Futtball kënnt den Dënschdeg den Owend d'Nouvelle, datt d'Kapitel vum Lionel Messi beim FC Barcelona schéngt op en Enn ze goen.
© AFP (Archiv)

Wéi verschidde spuenesch Medie mellen, soll den Argentinier dem Veräin matgedeelt hunn, nach dëse Summer ze wiesselen... dat via e Fax.

Den 33 Joer ale Messi huet bis elo seng ganz Karriär zu Barcelona gespillt.

Als méiglech nei Veräiner goufen an de leschte Wochen ënnert anerem Inter Mailand, de PSG an och Manchester City an d’Spill bruecht, do wou de Lionel Messi op säin alen Trainer Pep Guardiola géif treffen.

De Messi huet nach e Kontrakt bis Juni 2021 bei Barcelona. Wéi et heescht, wéilt de Messi eng Ausstiigsklausel zéien, déi et him erméiglecht, de Kontrakt eesäiteg ze kënnegen. Déi Klausel hat awer just eng Gëltegkeet bis Enn Juni... dem Messi no misst déi awer verlängert ginn, well duerch d’Corona-Kris och d’Saison verlängert gouf.

Laut Kontrakt si 700 Milliounen Euro fälleg, wann de Messi bei en anere Veräin wiesselt. An Zäite vu Corona, dierft et schwiereg ginn e Veräin ze fannen, deen d’Moyenen huet, fir déi Zomm ze bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO