Internationale FuttballGirona an Aston Villa loosse Punkte leien, Defaite fir Stuttgart

RTL Lëtzebuerg
Trotz engem 0:0 spréngt Girona virleefeg un d'Spëtzt vun der La Liga. Och Aston Villa spillt 0:0 gläich a bleift zwee Punkten hannert dem Leader Liverpool.

E Sonndeg ass de Ball nees am internationale Futtballchampionnat gerullt.

Bundesliga

Bochum - Bremen 1:1
1:0 Osterhage (64'), 1:1 Stark (90+3')

Mönchengladbach - Stuttgart 3:1
1:0 Hack (1'), 2:0 Hack (19'), 2:1 Vagnoman (55'), 3:1 Jordan (90+1')

Stuttgart ass no deem staarken Depart an d’Saison mat enger Defaite an dat neit Joer gestart. D’Gladbacher konnte virun den eegene Spectateuren schonn no 21 Sekonne a Féierung goen an hunn déi Stuttgarter domat e bësse geschockt. An der 19. Minutt huet de Robin Hack da mat sengem zweete Gol vum Dag op 2:0 erhéicht an d’Aufgab fir d’Gäscht net grad méi einfach gemaach. Déi hu sech nom fréie Réckstand zwar beméit, goufen awer réischt an der zweeter Hallschent mat engem Gol belount. De Josha Vagnoman huet de Match mam 1:2 nach eemol méi spannend gemaach, Punkte sollt et um Enn fir Stuttgart awer net méi ginn. Den 3:1 vum Jordan huet de Match an der Nospillzäit entscheet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Everton - Aston Villa 0:0

Aston Villa huet géint den FC Everton zwee Punkte leie gelooss. D’Lokalekipp hat et dem Tabellendrëtte vun Ufank u schwéier gemaach an huet hannen net vill zougelooss. Villa hat méi de Ball, konnt domat awer net a Féierung goen. Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf net all ze vill geännert. D’Gäscht hate weiderhin d’Kontroll iwwert de Ball, ma Everton huet bis zum Schluss duerchgehalen a sammelt no dräi Defaiten hannertenee mol nees ee Punkt. Aston Villa steet elo zwee Punkten hannert dem Tabelleleader Liverpool.

Manchester United - Tottenham 2:2
1:0 Höjlund (3'), 1:1 Richarlison (19'), 2:1 Rashford (40'), 2:2 Bentacur (46')

Kee Gewënner gouf et och am Old Trafford. Manchester United war am Numm vum Rasmus Höjlund no dräi Minutte fréi a Féierung gaangen, huet Tottenham duerno awer ze vill komme gelooss an dann och den 1:1 vum Richarlison kasséiert. D’Spurs haten am weidere Spillverlaf méi vum Match, liicht glécklech war also den zweete Féierungsgol fir d’Haushären, deen duerch de Rashford nach kuerz virun der Paus gefall ass. Quasi perfekt ass Tottenham awer an déi zweet Hallschent gestart. De frësch ausgeléinten Timo Werner huet de Ball hei op de Rodrigo Bentacur gespillt, deen aus kuerzer Distanz op 2:2 stelle konnt. Bis zum Schluss war d’Sortie vum Match fir béid Ekippen oppen, um Enn sollt et awer bei der Punktedeelung bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lazio - Lecce 1:0
1:0 Anderson (58')

Fiorentina - Udinese 2:2
0:1 Lovric, 1:1 Beltran (55'), 1:2 Thauvin (73'), 2:2 Nzola (87')

AC Mailand - AS Roum (20.45 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lille - Lorient 3:0
1:0 David (37'), 2:0 Cabella (90'), 3:0 Zhegrova (90+3')

Lens - Paris SG (20.45 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Almeria - Girona 0:0

Girona spréngt trotz engem Punkteverloscht géint den Tabelleleschten virleefeg un d’Spëtzt vun der spuenescher La Liga. Fir d’Iwwerraschungsekipp vun der Saison war um Sonndeg sou gutt wéi näischt zesummekomm. D’Lokalekipp hat vun Ufank u méi vum Match an hätt zur Paus scho kéinten a Féierung leien. D’Golchancë sinn an der éischter Hallschent net genotzt ginn an och nom Säitewiessel konnt Girona sech glécklech schätzen kee Géigegol gefaangen ze hunn. Um Enn huele si ee Punkt mat Heem. Real Madrid huet nach ee Match manner um Kont a ka sech d’Tabelleféierung dann nees zréckhuelen.

Cadiz - Valencia 1:4
0:1 Duro (8'), 1:1 Alcaraz (21'), 1:2 Lopez (52'), 1:3 Guerra (90+4'), 1:4 Vazquez (90+8')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO