
An der däitscher Bundesliga stoung um Samschdeg fënnef Matcher vum 25. Spilldag um Programm. Am Mëttelpunkt stoungen heibäi d’Partië vum FC Bayern München an der Borussia aus Dortmund, déi alle béid doheem gefrot waren.
Nodeems déi Dortmunder hir Avance an der Bundesliga bis op zwee Goler agebéisst haten, huet géint de VfB just eng Victoire gezielt. An der éischter Hallschent war de BVB och déi spilleresch besser Ekipp, ma Stuttgart huet an der Defense gutt dogéint gehalen a sou stoung et no enger hallwer Stonn nach 0:0. Nëmmen eng Minutt méi spéit hat Stuttgart dann hir éischt grouss Chance. Dem Gonzalez säi Versuch goung awer laanscht de Potto vum Dortmunder Gol. An der 42. Minutt war et dann nach eng Kéier de Guerreiro, deen et probéiert hat, ma den Zieler konnt sech mat enger staarker Parad auszeechnen.
No der Paus hat et bis zur 60 Minutt gedauert, éiert den Arbitter, den Här Cortus, déi éischte Kéier am Mëttelpunkt stoung. No enger geféierlecher Aktioun am Strofraum vum Castro um Sancho krut den Offiziellen d’Uweisung vum Videoassistent op Eelefmeter ze entscheeden. De Reus hat sech dës Geleeënheet net entgoe gelooss a konnt seng Faarwe soumat a Féierung bréngen.
Stuttgart hat de Kapp no dësem Réckstand awer net hänke gelooss. No engem Fräistouss war d’Defense vun Dortmund net organiséiert genuch, a sou konnt sech de Kempf am Strofraum behaapten a konnt mat engem schéine Kappball an der 71. Minutt ausgläichen.
An der 85. Minutt konnt Dortmund de Match dann awer nach fir sech entscheeden. Stuttgart krut de Ball net aus dem Strofraum gekläert a sou konnt den Alcacer déi schwaarz-giel Supporter erléisen. De Pulisic konnt an der Mospillzäit fir d’Entscheedung suergen, dëst no enger schéiner Virlag vum Axel Witsel.
Trotz der Victoire verléiert de BVB déi éischte Plaz an der Bundesliga un d’Münchener, dëst allerdéngs punktgläich.
No engem relativ schwaache Start an d’Saison hunn d’Münchener sech erëm un d’Tabellespëtzt erugekämpft. Am Zweekampf mat Dortmund war eng Victoire géint Wolfsburg allerdéngs ee Muss. A sou sinn d’Münchener och an de Match gestart. Si waren déi dominéierend Ekipp, ma et hat bis zur 34. Minutt gedauert, éiert de Gnabry fir d’Féierung suerge konnt. Dëst sollt allerdéngs net deen eenzege Gol an den éischte 45 Minutte gewiescht sinn. Nëmmen 3 Minutte méi spéit konnt de Gnabry de Lewandowski perfekt a bedéngen, sou dass de Stiermer de Ball nëmme nach misst iwwert d’Linn drécken.
Nom Säitewiessel hunn d’Münchener probéiert, sou séier wéi méiglech vir d’Entscheedung ze suergen, a sou konnt de James Rodriguez no enger Pass vum Thiago an der 52. Minutt op 3:0 erhéijen. Bei sengem placéierte Schoss hat de Casteels keng Chance. D’Münchener hunn de Match duerno iwwer wäit Streck verwalt. An der 76. Minutt konnt de Müller fir déi endgülteg Entscheedung gesuergt, éiert de Kimmich an der 83. Minutt esouguer nach ee Gol konnt dropsetzen.
De Schlusspunkt war awer fir de Lewandowski, deen an der 85. Minutt eng Virlag vum Ribéry verwäerte konnt.
Um Enn war et ee gelongene Mëtteg an eng gelonge Generalprouf fir Liverpool fir d’Münchener.
Zu Leipzig waren et d’Haushären, déi de Match ganz kloer dominéiere konnten. Si haten an den éischte 45 Minutten och déi eng oder aner gutt Chance, ma et sollt hinnen an der éischter Hallschent awer kee Gol geléngen. Déi beschte Chance hat den Halstenberg an der 37. Spillminutt, ma säi Schoss konnt de Kobel awer nach mat engem staarke Reflex ofwieren.
Am 2. Duerchgang war et dat selwecht Bild. Leipzig hat probéiert, den éischte Gol vun der Partie ze markéieren. Déi beschte Chance hat alt erëm den Halstenberg, deen et an der 71. Minutt mat engem Schoss probéiert hat, dëse war allerdéngs net kadréiert genuch. Bis zum Enn sollt sech um Score och näischt méi änneren. Soumat léist Leipzig 2 wichteg Punkte géint den FC Augsbueg leien.
D’Gäscht aus der däitscher Haaptstad wollte sech mat enger Victoire méi no un déi europäesch Plazen erunzekämpfen, ma Freiburg huet ëmmer erëm probéiert, duerch Kontere geféierlech ze ginn. An der 27. Minutt sollt et och ee Konter sinn, duerch deen d’Haushären a Féierung goe konnten. No enger Flank vum Grifo konnt sech de Petersen am Strofraum duerchsetzen a konnt de Ball mam Kapp am Filet ënnerbréngen.
Nom Téi waren d’Männer aus Berlin déi optesch besser Ekipp ma grouss Chancë waren awer net dobäi erausgesprongen. Et hat bis zur 77. Minutt gedauert, éiert de Vedad Ibisevic eleng virum Schwolow opgedaucht war an dësem dunn och keng Chance gelooss hat. D’Hertha konnt allerdéngs net op dëse Gol opbauen, a sou war et an der 80. Minutt de Waldschmidt, deen am Strofraum am héchste gespronge war an de Ball mam Kapp iwwert d’Linn drécke konnt. Dëst war och d’Schlussresultat an dëser Partie.
Gladbach wollt sech um Samschdeg den Owend mat enger Victoire weider op de Plazen halen, déi si fir Europa qualifizéiere géingen.
D’Gäscht waren insgesamt och besser an de Match koum a sou war et de Stindl, dee no 2 Minutten ewell déi éischt grouss Chance hat, ma de Müller konnt de Ball nach paréieren. Gladbach hat duerno ee Plus u Ballbesëtz, ma eng gutt Chance ass awer net méi dobäi erausgesprongen.
Nom Säitewiessel hat de Boetius déi éischt gutt Chance fir Mainz, ma säi Schoss war ënnert dem Stréch awer net fest genuch.
An der 63. Minutt konnt den Elvedi d’Gäscht da berouegen. No enger Flank an de Strofraum krut de Strobl de Ball. Dëse konnt dat ronnt Lieder op den Elvedi spillen, deen de Ball am Filet ënnerbrénge konnt. Kuerz viru Schluss hat de Pléa dann nach eng Chance fir ze erhéijen, ma säi Kappball goung um Enn iwwert d’Lat a sou war et beim 1:0 aus Gladbacher Sicht bliwwen.
LINK: All d’Resultater an d’Tabell vun der Bundesliga am Iwwerbléck