3. LigaGläichspill fir de Saibene mat Kaiserslautern

RTL Lëtzebuerg
No der Ënnerschrëft vum Kontrakt déi lescht Woch souz de Jeff Saibene e Méindeg den Owend fir d'éischte Kéier beim 1. FC Kaiserslautern um Trainerstull.
© 1. FC Kaiserslautern / Youtube

Um 3. Spilldag an der 3. Liga an Däitschland huet de Jeff Saibene mat Kaiserslautern auswäerts 2:2 géint den SV Wehen Wiesbaden gläichgespillt. Laang hat et no enger Néierlag fir de Lëtzebuerger Trainer a sengem éischte Match mam 1. FCK ausgesinn. No engem 0:2-Réckstand no den éischte 45 Minutte ass seng Ekipp awer zeréckkomm an huet sech an der Nospillzäit nach den éischte Punkt an dëser Saison geséchert.

D’Lokalekipp war an der 9. Minutt duerch e Gol vum Chato mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 34. Minutt huet den Tietz per Eelefmeter op 2:0 erhéicht. An der 79. Minutt konnt de Bachmann fir den 1. FCK op 1:2 verkierzen. Duerno huet et weider laang no enger Defaite ausgesinn, ma an der 5. Minutt vun der Nospillzäit huet den Ciftci nach den 2:2 markéiert, sou datt sech béid Veräiner mat engem Remis getrennt hunn.

RTL-Artikel: Jeff Saibene: Fir mech ass et eng grouss Éier, dierfen Trainer vum 1.FC Kaiserslautern ze sinn

Back to Top
CIM LOGO