
An der hollännescher Eredivisie huet den Yvandro Borges mam NEC Nijmegen eng 0:1-Defaite mussen astiechen. Am Auswäertsmatch zu Utrecht gouf de Lëtzebuerger kuerz nom 0:1 agewiesselt, konnt an den 20 Minutte Spillzäit awer näischt méi zu engem positiven Ausgang bäidroen. An der Tabell steet Nijmegen nach ëmmer op enger gudder 6. Plaz.
Am belsche Championnat huet d’Union St. Gilloise am Spëtzematch géint Antwerpen d’Punkte gedeelt, ass awer weiderhi souveränen Tabelleleader mat enger Avance vu 7 Punkten op Anderlecht. St. Gilloise konnt trotz Ënnerzuel no enger giel-rouder Kaart an der 84. Minutt a Féierung goen an hat wéi de Gewënner ausgesinn. Den Anthony Moris huet de Gol wärend 90 Minutte gehitt, konnt awer beim spéiden Ausgläich vum Kerk an der 92. Minutt näischt maachen.
Fir den Enis Mahmutovic an ZSKA Sofia gouf et um 25. Spilldag am bulgaresche Championnat eng wichteg 4:0-Victoire géint Plovdiv. ZSKA bleift domat a Schlagdistanz op den Tabelleleader Ludogorez Rasgrad. ZSKA hat de Match schonn no 45 Minutten entscheet. Nom 3:0 zur Paus hu si nach e weidere Gol dropgesat an domat verdéngt gewonnen. De Mahmutovic stoung déi komplett Spillzäit um Terrain.
An der zweeter polnescher Liga huet Resovia Rzeszow sech bei enger 4:1-Victoire géint Termalica Bruk-Bet dräi wichteg Punkte geholl. Schonn no 14 Minutten hat déi géigneresch Ekipp zwee Mol déi Rout Kaart gesinn, konnt virun der Paus trotzdeem a Féierung goen. Nom Säitewiessel war et dann den Edvin Muratovic, dee vum Eelefmeterpunkt Nerve bewisen an domat ausgeglach huet. Zwou Minutte méi spéit huet hien déi Giel Kaart gesinn a gouf no 76 Minutten ausgewiesselt.
Och de Sébastien Thill konnt e Samschdeg an der zweeter polnescher Liga decisiv senger Ekipp hëllefen. An der 51. Minutt huet hien de Gol zum 2:1 virbereet, duerch dee sech Stal Rzeszow um Enn géint Motor Lublin dräi wichteg Punkte séchert.
Den Danel Sinani waart zanter zanter November weider op en Asaz an der 2. Bundesliga. Vun der Bänk aus huet hien eng 2:0-Victoire vu St. Pauli géint Nürnberg gesinn, mat där ee weider mat fënnef Punkte Virsprong un der Tabellespëtzt bleift.
An der 1. Bundesliga huet Mainz mam Leandro Barreiro an der Starteelef e wichtegen 2:0-Succès géint Bochum gefeiert. Mat den dräi Punkte verloossen déi Mainzer eng direkt Ofstigsplaz a loossen dobäi den 1. FC Köln hannert sech.
Fir Zeljeznicar Sarajevo ass et a Bosnien um Samschdeg näischt ze huele ginn. Bei der 0:2-Néierlag géint den Tabellenzweeten Zrinjski Mostar stoung de Vahid Selimovic de ganze Match um Terrain.
Waldhof Mannheim huet sech e Freideg den Owend dräi wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig aus der 3. däitscher Liga geséchert. Géint den direkte Konkurrent Arminia Bielefeld huet ee sech virun den eegene Spectateure mat 1:0 behaapt. De Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans gouf bei der Heemekipp an der 64. Minutt agewiesselt.
Waldhof Mannheim steet trotz der Victoire weider op enger direkter Ofstigsplaz.