Virum Escher Gemengenhaus an net méi zu Belval, wéi déi Jore virdrun, hunn eng ronn 1.800 Leefer sech op de Wee gemaach. Esou konnt ee sech den Depart vum Kulturlaf och vun den Terrassen an der Uelzechtstrooss ukucken. Zousätzlech zu den 10 Kilometer an den 10 Meilen hunn d’Organisateure fir d’éischte Kéier och e Semimarathon ugebueden, mam Hannergedanken, dass dëst eng gutt Preparatioun fir d’Route du Vin an dräi Woche kéint sinn. Dat schéint och de Fall ze sinn, een Drëttel vun de Leefer a Leeferinnen hate sech nämlech fir des Distanz ageschriwwen. Allerdéngs net déi zwee Favoritte op de Championstitel beim Laf laanscht d’Musel: D’Jeanny Gloden hat sech fir déi 10-Kilometer-Course entscheet an déi gewonnen an de Jonas Kinde war erfollegräich op den 10 Meilen ënnerwee.
LINK: Hei fannt Dir d’Resultater vum Escher Kulturlaf 2022Mam Site ronderëm de Schlassgaart hunn d’Organisateuren och eng nei Plaz fir d’Arrivée entdeckt, eng 300 Meter vum Depart ewech. Hei hu sech vill Spectateuren an eng gudder Ambiance Rendezvous ginn, fir d’Leefer an d’Leeferinnen op de leschte Meter z’ënnerstëtzen.
Schonn zanter 16 Joer huet den Escher Laf sech d’Predikat Kultur verdéngt, dëst mam Passage laanscht kulturelle Gebailechkeeten, an eng 15 Museksgruppen oder DJen um Parcours. Den Apport vun den Organisateure vum Kulturjoer Esch2022 wärend dem Kulturlaf, war net z’erkennen.