
Boston muss elo déi zwee nächst Matcher gewannen, wa se sech den Titel nach séchere wëllen, deemno gesäit et elo éischter gutt aus fir Golden State.
Matchwinner bei de Warriors war net wéi sou dacks de Stephen Curry, ma den Andrew Wiggins, deen op 26 Punkten an 13 Rebounds koum. De Klay Thompson koum op 21 Punkten, dorënner 5 Dräier.
An der Nuecht op e Freideg ka Golden State säi 4. Titel bannent 8 Joer sécheren, sollte si de 6. Match gewannen, deen zu Boston gespillt gëtt.