Schreckmoment bei der EMGreenpeace-Aktivist lant ongeplangt kuerz virum Upaff um Terrain

RTL Lëtzebuerg
Kuerz ier de Match tëscht Frankräich an Däitschland sollt ufänken, ass wuertwiertlech e Mann vum Himmel gefall an huet kuerz fir Opreegung gesuergt.

Mat engem Gleitschierm ass den Aktivist vun der Ëmweltorganisatioun Greenpeace um Terrain gelant, kuerz ier de Match sollt ufänken. Geplangt war déi ganz Aktioun esou net. De Mann hat sech bei der Landung an engem Seel aus Drot um Daach vum Münchener Stadion verfaangen an ass an d’Struewele geroden. Eng Mataarbechterin, déi fir d’Beliichtung zoustänneg ass, gouf dobäi blesséiert. Wier de Mann op enger Tribün gelant, wier et wuel manner gutt ausgaangen.

No der Brochlandung um Terrain gouf de Mann vu Sécherheetsleit vum Wuess geholl an d’Partie konnt pénktlech ugepaff ginn.

D’Protestaktioun vu Greenpeace huet sech géint den EM-Sponsor Volkswagen geriicht. Leider wier d’Aktioun net no Plang verlaf, huet Greenpeace herno op Twitter wësse gedoen. Et hätt een de Match net wéilte stéieren oder Mënsche verletzen.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO