
No der antisemittescher Gewalt um Bord vum Match vun engem israeelesche Veräin zu Amsterdam, sinn d’Suerge grouss virum Lännermatch tëschent Frankräich an Israel en Donneschdeg zu Paräis.
Déi franséisch Autoritéiten hunn e groussen Dispositif annoncéiert, fir de Match ze sécheren. Israel warnt trotzdeem virun enger Visitt zu Paräis.
Vum nationale Sécherheetsrot heescht et, datt d’Israeelie Sport- a Kultur-Manifestatioune mat israeelescher Bedeelegung sollen evitéieren. Besonnesch eeben de Match en Donneschdeg am Stade de France.
4.000 Beamte sollen en Donneschdeg zu Paräis am Asaz sinn. Et ass en “Héichsécherheetsspill”. De franséische President Macron wäert och am Stadion sinn.