Olympesch WanterspillerGwyneth ten Raa am 1. Laf vum Slalom ausgefall, Gold fir Petra Vlhova

Tim Hensgen
Lynn Kayser
Fir déi 16 Joer al Lëtzebuergerin sinn d'Olympesch Spiller zu Peking domadder eriwwer.
Gwyneth ten Raa am 1. Laf vum Slalom ausgefall
Fir déi 16 Joer al Lëtzebuergerin sinn d’Olympesch Spiller zu Peking domadder eriwwer.

Gwyneth ten Raa iwwert Out am Slalom / Rep. Lynn Kayser

Kuerz viru 4 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch lëtzebuergescher Zäit ass d’Gwyneth ten Raa um Bierg zu Yanqing an den éischte Laf vum Slalom gestart. Leider mam selwechte Resultat ewéi bei hirem éischten olympeschen Optrëtt de leschte Méinden. 36 Sekonnen huet hire zweeten Optrëtt gedauert. Bei den zwou Tëschenzäite louch d’Gwyneth ten Raa op der 61. respektiv 54. Plaz. Dunn huet d’COSL-Athletin awer eng Staang verpasst an huet missen opginn.

Ech war um Start e bëssen nervös, well ech war schonn am Riseslalom raus an ech wollt dat am Slalom nees gutt maachen a gutt erofkommen. Do war ech schonn e bëssen nervös. Uewe sinn ech gutt gefuer, hu gutt Zäite gemaach an du sinn ech e bëssen ze direkt gefuer, wollt méi schnell fueren an du war ech einfach ze spéit a war eraus.

Gwyneth ten Raa am 1. Laf vum Slalom ausgefall
Fir déi 16 Joer al Lëtzebuergerin sinn d’Olympesch Spiller zu Peking domadder eriwwer.

Mat hire 16 Joer ass d’Gwyneth ten Raa dës Saison eréischt hir éischt FIS-Coursse bei der Elite gefuer. D’Pisten an och d’Schnéiverhältnisser bei Olympia waren nach emol eng ganz aner Welt.

Et ass wierklech ganz anescht. Hei sinn d’Piste mega aggressiv, veräist a géi. Ech sinn nach ni op esou enger Pist gefuer. Et war déi éischte Kéier, datt ech do war an ech wollt emol probéieren, mä dat huet net esou geklappt, wéi ech wollt.

Trotz de schwierege Piste wollt dat 16 Joer aalt Nowuesstalent zu Peking net réng op Sécherheet fueren, fir einfach unzekommen. Si ass de Risiko agaangen an och wann et um Enn net esou geklappt huet wéi erhofft, mécht si sech elo kee Reproche.

Elo weess ech wéi dat ass. An ech fannen, datt do wou ech Schi gefuer sinn, datt dat gutt war bis do wou ech e Feeler gemaach hunn an do sinn ech ausgefall. Op dëser Pist, wann s de e klenge Feeler méchs, da bass de scho séier eraus. Dat geet ëmmer schnell.

D’Enttäuschung, den éischte Laf net op en Enn gefuer ze sinn, war no der Course nawell do, mä trotz hirem jonken Alter probéiert d’Gwyneth ten Raa virun allem dat positiivt vun Olympia zeréckzebehalen.

Wann s de ausfäls, da bass de ëmmer traureg an dann denks de: Wat ass passéiert, wéi ass dat geschitt? Du wëlls jo ëmmer probéieren, dovunner ze léieren an net deen nämmlechte Feeler op den nächste Courssen ze maachen an dofir huelen ech einfach dat Positiivt mat.

Sportlech gesi sinn d’Olympesch Wanterspiller fir d’Gwyneth ten Raa elo eriwwer, déi nächst Deeg wëllt si dovunner profitéieren, fir aner Competitioune kucken ze goen.

Well ech een Athletepass hunn, kann ech aner Coursse kucke goen. Ech wäert natierlech nach e bëssen trainéiere mam Matthieu an da kucken ech och seng Courssen. Eben nach e bësse genéissen, datt ech hei sinn, d’Olympesch Spiller si jo net ëmmer.

Den zweete Lëtzebuerger, de Matthieu Osch ass an der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit fir d’éischte Kéier zu Peking am Asaz.

Gold fir d’Vlhova am Slalom

Nom 1. Laf stoung d’Lena Dürr aus Däitschland un der Spëtzt. Op de Plazen 2 an 3 waren d’Michelle Gisin aus der Schwäiz (+0,03 Sekonnen) an d’Sara Hector aus Schweden (+0,12 Sekonnen). D’Slowakin Petra Vlhova war just déi 8. (+0,72 Sekonnen). D’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin ass wéi am Riseslalom och nees ausgefall.

Am 2. Laf huet d’Petra Vlhova eng richteg staark Performance gewisen a konnt sech duerch déi séierst Zäit am 2. Laf esouguer nach Gold sécheren. Déi 3 Éischt aus dem éischte Laf sinn iwwerdeems allen 3 aus de Medaileplazen erausgefall.

D’Vlhova wënnt Gold mat enger Avance vun 8 Honnertstel op d’Katharina Liensberger an 12 Honnertstel op d’Wendy Holdener. D’Dürr ass vu Plaz 1 op d'4 zeréckgefall, d’Gisin esouguer op d'6 an d’Hector ass guer net ukomm.

PDF: Schreiwes COSL

Back to Top
CIM LOGO