Lëtzebuerger BasketfederatiounHenri Pleimling mécht am September Plaz fir een neie President

RTL Lëtzebuerg
De Vize-President a fréieren Nationalspiller Samy Picard kéint RTL-Informatiounen no e méiglechen Nofollger vum Henri Pleimling sinn.
© pressphoto (Archiv)

Den Henri Pleimling wäert an Zukunft net méi President vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun sinn. Hie stellt am September keng Kandidatur méi a mécht domat Plaz fir een neie President. De Pleimling ass zanter 2012 un der Spëtzt vun der FLBB.

Ee potenziellen Nofollger als President vun der FLBB ass RTL-Informatiounen no den aktuelle Vize-President a fréieren Nationalspiller Samy Picard.

Back to Top
CIM LOGO