Am Alter vun 43 JoerHertha-BSC-President Kay Bernstein iwwerraschend gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Veräin en Dënschdeg op Instagram matgedeelt. De Kay Bernstein war réischt am Summer 2022 President vum däitschen Haaptstad-Club ginn.
© IMAGO/Jan Huebner/SID/

Enn vun den 90er Jore war hie virun allem an der Ultra-Zeen aktiv. Donieft huet en och als Entrepreneur am Event-Beräich geschafft. Den 1998 vun him gegrënnte Supporter-Club “Harlekins Berlin” gëllt als eng vun de gréisste Fangruppe vun Hertha BSC.

Bei der Wal zum neie Veräinspresident de 26. Juni 2022 war de Bernstein u sech Aussesäiter, hie konnt sech awer mat 1.670 zu 1.280 Stëmme géint den CDU-Politiker Frank Steffel duerchsetzen.

De Kay Bernstein hannerléisst eng Partnerin an eng Duechter.

Back to Top
CIM LOGO