
Den Tabelleleader Racing ass senger Favoritteroll géint Déifferdeng gerecht ginn a konnt sech doheem souverän mat 3:0 duerchsetzen, woumat ee weider eng Avance vun 9 Punkten op Hesper behält.
De Swift konnt nämlech d’Partie géint Jonglënster gewannen a sech sou net weider distanzéiere loossen. Nodeems ee kuerz virun der Paus a Réckstand gerode war, konnt Hesper de Match am zweeten Duerchgang nach dréinen a mat 2:1 fir sech entscheeden.
Och Ell huet sech mat der Entente WMG net allze schwéier gedoen a ka sech um Enn iwwert eng däitlech 4:0-Victoire a weider dräi Punkten um Kont freeën. D’Entente huet et dogéint ëmmer méi schwéier, fir et nach ënnert déi éischt 4 ze packen.
Eng iwwerraschend Defaite gouf et fir Mamer mam neien Trainer zu Beetebuerg. Mat 2:0 konnten d’Beetebuergerinne sech duerchsetzen an domat verhënneren, dass Mamer mat engem Match manner laanscht Ell op Plaz 3 zitt.