
De Weekend war den 18. Spilldag an domat leschte Spilldag vun der Qualifikatioun am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.
Am Spëtzematch huet Hesper mat 1:0 géint de Racing gewonnen, a mécht de Meeschterschaftskampf deemno erëm e bëssi spannend, och wann de Racing trotz der 1. Néierlag an dëser Saison weider 8 Punkte Virsprong op de Swift huet.
Déi 4 éischt Ekippen, de Racing, Swift Hesper, Mamer an den SC Ell, spillen an enger Grupp a 6 Matcher de Champion-Titel ënnert sech aus. Déi aktuell Punkte ginn allerdéngs mat an de Playoff geholl, sou dass déi 1. Plaz just iwwert de Racing wäert lafen.
D’Entende Wuermer / Mënsbech / CSG, Dikrech, Jonglënster, Beetebuerg, Déifferdeng/Luna an d’Entende Rouspert/USBS spillen dogéint eng weider Ronn géinteneen. Déi Ekipp déi hei um Enn op der leschter Plaz steet, spillt déi nächst Saison eng Liga méi déif. Och hei ginn déi aktuell Punkte mat geholl.
Déi komplett Resultater an d’Tabell fannt dir hei.