DammefuttballHesper iwwerrennt Mamer, Ell an Déifferdeng deelen d'Punkten

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war de 4. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.
© Archiv

De Racing bleift ongeschloen a gewënnt och bei der Entente WMGB an zwar 4:0. D’Entente vun de Veräiner Wuermer, Gréiwemaacher a Mënsbech steet no dräi Matcher nach ëmmer mat null Punkten do. D’Ekipp vun der Musel hat awer och e schwéiere Programm zum Optakt a konzentréiert sech wuel op déi nächst Matcher, fir Punkten ze sammelen.

Am Spëtzematch tëscht Ell an Déifferdeng gouf et kee Gewënner. Béid Ekippen trenne sech 2:2.

De Swift Hesper huet Mamer keng Chance gelooss an hëlt no engem 7:1 dräi Punkte mat op den Holleschbierg. Hesper huet wéi de Racing elo 12 Punkten um Kont.

Fir den Opsteiger Housen ass et déi erwaart schwéier Saison, déi och am drëtte Match net mat der éischter Victoire belount gouf. Si zéie mat 0:3 géint Jonglënster de Kierzeren.

Dikrech huet mam zweeten Opsteiger Mertert-Waasserbëlleg kuerze Prozess gemaach a gewënnt 4:0.

Back to Top
CIM LOGO