BGL LigueHesper no der Néierlag vun Diddeleng neien Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng hat keng Chance géint de Progrès a verléiert mat 1:4 iwwerdeems Hesper doheem mat 5:1 géint Hueschtert gewënnt.

Am nationale Futtball-Championnat war et um Sonndeg den Optakt an d’Réckronn. No der laanger Wanterpaus huet de Leader an der Tabell F91 Diddeleng Besuch vum Tabellendrëtten aus Nidderkuer gehat. De Progrès hat allerdéngs schonn 13 Punkte Réckstand op den Tabellenéischten. Deemno motivéiert waren d’Gäscht dëse Réckstand fir den Optakt vun der Réckronn ze verkierzen.

Nidderkuer leisst dem F91 keng Chance
De Progrès Nidderkuer gewënnt däitlech a verdéngt mat 4:1 zu Diddeleng. No der Néierlag vum F91 ass Hesper neien Tabelleleader.

F91 Diddeleng - Progrès Nidderkuer 1:4
0:1 Hend (10') per Eelefmeter, 0:2 Mazure (17'), 0:3 Filet (50'), 0:4 Amofa (54'), 1:4 Agovic (64')

An esou ass de Progrès dann och an de Match gaangen. No 10 Minutte gouf et no engem Handspill vum Ouassiero en Eelefmeter, deen den Hend ouni Probleemer verwandelt huet. Nidderkuer huet net nogelooss, an nëmme 7 Minutte méi spéit war et den Mazure deen aus 5-Meter an de Gol gekäppt huet. Déi beschte Chance an der 1. Hallschent fir de F91 hat de Magno - säi Schoss sollt awer just un d’Lat goen.

Den 2. Duerchgang ass änlech ugaange wéi deen éischten. Diddeleng huet den Upaff verschlof, an esou huet de Filet an der 50' an den Amofa an der 54' de Score bannent 4 Minutte fir Nidderkuer erhéicht, a fir eng Virentscheedung gesuergt. D’Ekipp aus der “Forge du Sud” krut kee Fouss op de Buedem, a louch no 54. Minutten am Stade Jos Nosbaum mat 0:4 a Réckstand. Dem F91 ass mam Agovic wuel nach den Uschloss gelongen, no der Giel-Rouder Kaart an der 67 Minutt géint de Kirch war d’Entscheedung am Spëtzematch awer gefall. No der 4:1-Victoire zu Diddeleng verkierzt de Progrès de Réckstand op de F91 deemno op 10 Punkten.

Swift Hesper - US Hueschtert 5:1
1:0 Corral (4'), 2:0 Philippe (12'), 3:0 Stolz (40') per Eelefmeter, 3:1 Bonet (44'), 4:1 Malget (52'), 5:1 Prempeh (69')

Hesper gewënnt deemno däitlech mat 5:1 géint Hueschtert an steet elo op der 1. Plaz an der Tabell. No 4. Minutte louch Hesper nom Gol vum Corral scho mat 1:0 a Féierung. Philipp (12') a Stolz (40') hunn nach virun der Paus op 3:0 erhéicht. Hueschtert ass mam Bonet virun der Paus nach den Uschloss gelongen, zu méi sollt et awer net duergoen. Malget a Prempeh hunn an der zweeter Hallschent fir d’Schlussresultat gesuergt.

D’Resultater vun deenen anere Matcher mam Iwwerbléck vun de Goler fannt Dir hei:

Fola Esch - Titus Péiteng 1:2
0:1 Merk (12'), 1:1 Diallo (41'), 1:2 Abreu (53')

Etzella Ettelbréck - FC Monnerech 1:2
0:1 M’Barki (51'), 0:2 Nicolay (56'), 1:2 Sery (77')

FC Déifferdeng - UNA Stroossen 0:1
0:1 Camilo Almeida (4')

US Munneref - Racing Union 0:1
0:1 Muratovic (9')

UN Käerjeng - Jeunesse Esch 1:4
0:1 Arénate (6'), 0:2 Kack (32'), 0:3 Arénate (38'), 0:4 Lapierre (76'), 1:4 Muric (80')

Victoria Rouspert - FC Wolz 0:0

D’Tabell

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

Back to Top
CIM LOGO