BGL LigueHesper no Victoire beim Racing neien Tabellenzweeten

RTL Lëtzebuerg
Am Tabellekeller kënne Monnerech a Käerjeng wichteg Victoirë feieren. Nidderkuer gewënnt knapp zu Stroossen an de Laf vun der Jeunesse geet weider.

Hesper konnt vun der Victoire vun Déifferdeng géint Diddeleng e Samschdeg profitéieren an no der 5:2-Victoire beim Racing an der Tabell laanscht den F91 zéien. Hesper konnt aus der fréier Féierung vum Racing bannent zwou Minutten eng Avance maachen. Trotz enger klenger Drockphas vum Racing an der Mëtt vun der éischter Hallschent huet Hesper seng Stäerkt an der Offensiv gewisen a virun der Paus nach zweemol zougeschloen.

An der 77. Minutt huet de Racing de Match nach eng Kéier e bësse spannend gemaach, nodeems den 2:4 gefall war. De Champion huet sech awer net aus der Rou brénge gelooss an nach e fënnefte Ball am Racinger Gol ënnerbruecht. Schlussendlech gewënnt Hesper souverän a verdéngt.

Och de Progrès Nidderkuer huet 3 Punkten op Diddeleng guttgemaach. Déi Schwaarz-Giel hu sech 1:0 bei der UNA Stroossen behaapt. Nidderkuer war scho fréi a Féierung gaangen an huet Stroossen an den éischte 45 Minutten net an de Match komme gelooss. Trotz der Iwwerleeënheet vum Progrès hunn d’Spectateuren net vill Golchancë gesinn. Stroossen ass ab der 70. Minutt besser an de Match komm, huet awer bis op e puer Schëss op den Nidderkuerer Gol näischt zustan kritt. De Progrès huet säin Avantage iwwer d’Zäit gerett kritt.

Nidderkuer gewënnt knapp zu Stroossen
De Progrès ka sech mat 1:0 duerchsetzen a sëtzt Diddeleng am Genéck.

Mat Monnerech a Schëffleng waren zwou Ekippen aus dem Tabellekeller openeegetraff, wou d’Heemekipp ganz spéit als Gewënner vum Terrain sollt goen. Um Enn stoung et 2:1, woumat Monnerech punktgläich mat Schëffleng ass. Am éischten Duerchgang war net vill lass, just d’Parad vum Schëfflenger Golkipp beim Eelefmeter fir Monnerech just d’Spectateure vum Hocker gerappt. Nom 1:0 fir Schëffleng an der 68. Minutt sollt et an der Schlussphas héich hiergoen. Monnerech konnt an der 85. Minutt ausgläichen an an der Nospillzäit souguer den decisive Gol markéieren. Doropshi gouf et eng Rudelbildung an de Schëfflenger Nakache ass mat Rout vum Terrain gesat ginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Stroossen - Nidderkuer 0:1
0:1 Natami (12')

Racing - Hesper 2:5
1:0 Ahmetxhekaj (3'), 1:1 Stolz (5'), 1:2 Holzhauser (6'), 1:3 Holzhauser (40'), 1:4 Amijekori (45'+3), 2:4 Dewalque (77'), 2:5 Sinani (90')

Monnerech - Schëffleng 2:1
0:1 Garos (68'), 1:1 Samba (85'), 2:1 Amadei (90'+3)

Wolz - Rouspert 2:2
1:0 Cavagnera (12'), 1:1 Ferreira (24'), 1:2 Redekop (80'), 2:2 Mmaee (90'+4)

Fola - Péiteng 0:3
0:1 Kamavuaka (6'), 0:2 Sarr (31', Eelefmeter), 0:3 Muratovic (44')

Käerjeng - Miersch 1:0
1:0 Boutrif (33')

Munneref - Jeunesse 0:2
0:1 Mendes (42'), 0:2 Millimono (56', Eegegol)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO