ATP-Masters CincinnatiHistoresch Victoire fir de Coric géint den Tsitsipas

RTL Lëtzebuerg
Den Tennisprofi Borna Coric aus Kroatien huet beim ATP-Tournoi zu Cincinnati/Ohio een historesche Succès gefeiert.
De Borna Coric no sengem Succès
De Borna Coric no sengem Succès
© AFP

De 25 Joer alen Tennisspiller, d’Nummer 125 op der Welt, huet an der Finall den op Nummer véier gesate Griich Stefanos Tsitsipas mat 7:6 (7:0) a 6:2 geklappt.

Nach ni war et bis ewell engem Spiller, deen esouwäit hannen an der Weltranglëscht stoung, gelongen, fir e Masters ze gewannen. De Coric hat um Wee an d’Finall zu Cincinnati/Ohio de spuenesche Grand-Slam-Rekordgewënner Rafael Nadal, de Britt Cameron Norrie an de Felix Auger-Aliassime aus Kanada eliminéiert.

De Coric war wéinst enger Blessur un der Schëller ee Joer ausgefall. Seng bis ewell eenzeg Finall bei engem ATP-Masters huet hie viru véier Joer gespillt.

Bei de Fraen huet d’Franséisin Caroline Garcia als éischt Qualifikantin an der Tennis-Geschicht e WTA-1000-Tournoi gewonnen. D’Nummer 35 an der Weltranglëscht huet an der Finall vum WTA-Masters zu Cincinnati/Ohio déi zweefach Wimbledon-Gewënnerin Petra Kvitova aus Tschechien mat 6:2 a 6:4 geklappt. Fir d’Garcia war et deen drëtte Masters-Titel no hire Succèsen zu Wuhan a Peking 2017.

Back to Top
CIM LOGO