Schi AlpinHoldener a Swenn-Larsson am Damme-Slalom zäitgläich op der 1. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Wendy Holdener 30 Mol um Podium stoung, gouf et um Sonndeg zu Killington an den USA déi 1. Victoire.
© AFP (Archiv)

D’Schwäizerin stoung awer net eleng ganz uewen um Podium. D’Schwedin Anna Swenn-Larsson huet sech zäitgläich op der 1. Plaz klasséiert. Op déi 3. Plaz koum d’Katharina Truppe aus Éisträich mat engem Retard vun 22 Honnertstel.

Nom 1. Duerchgang louch d’Starathletin aus den USA Mikaela Shiffrin nach op der éischter Plaz. D’Amerikanerin gouf um Enn dat Fënneft. D’Shiffrin hat do e Réckstand vun 59 Honnertstel.

D’Männer sinn iwwerdeems e Super-G zu Lake Louise gefuer. Gewonnen huet de Schwäizer Marco Odermatt an enger Zäit vun 1 Minutt 32 Sekonnen an 53 Honnertstel. Et war säin zweeten Erfolleg vun der Saison. Hien hat e Virsprong vu 37 Honnertstel op den Norweger Aleksander Kilde. De Podium gouf vum Éisträicher Matthias Mayer komplettéiert. Hien hat e Retard vun 78 Honnertstel op den Odermatt.

Back to Top
CIM LOGO