
D’FLBB hat jo annoncéiert, datt een och op Proposë vu Veräiner oder Responsabele géif waarden, an eng Partie Proposë sinn och schonns am Ëmlaf. Eng dovun soll eisen Informatiounen no bei engem groussen Deel vun de Veräiner gutt ukommen. D’Iddi wier, fir an der neier Saison zu 14 an der Total League ze spillen.